"Mat engem Poufert fiert de Bigel vun der Béierfläsch. Den Doudegriewer hëlt zwou gehéiereg Schluppen a stellt déi ugebrache »Clausener« hannescht an de Kierfechtsbur. Deem säi Waasser ass äiskal a gëtt ni temperéiert, och wann d’Luucht driwwer vu Gloust ziddert. E Summer wéi eng Saang! 35 Grad géifen et de Mëtteg, hunn s’am Radio gesot. 30 sinn et der bestëmmt lo schonn ëm eelef Auer. Dat geet well zënter engem Mount sou. D’Blieder un de Beem gi brong. ’t héiert ee kee Vull méi. Um Kierfecht ass ausser him kee Mënsch. Dat ass lo seng drëtt a leschte Fläsch, hie muss kucken, datt en d’Lach fäerdeg kritt, fir bei de »Greechen« op d’Gare ze kommen. An den décke Mauere vun der Wiertschaft ass et nach kill. D’Anji kann him eng Zoossissschmier maachen; doheem waart keen op hien, zënter datt säint duerch d’Bascht ass." Esou déi éischt Sätz aus dem Josy Braun sengem posthume Krimi „Armagnac“, deen am Oste vum Land spillt a voller Lokalkolorit stécht. Am waarme Summer 1976 fënnt den Doudegriewer vu Biwer e Knapp vun enger aler Museksuniform an engem Graf. Hie gëtt dëse Knapp un de Basil Roemen, de Bannpréiter aus der Gemeng, weider. Deen erënnert sech dobäi un de Mord um Willy Staud am Tunnel tëscht Mäertert a Manternach am Joer 1948 – e Mord, deen ni opgekläert ginn ass. De Roemen mécht sech op d’Sich no Spuren…
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteur | Braun Josy |
| Catégorie | Littérature - Roman policier |
| Parution | 2013 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
D'Waarden huet en Enn, de „Schlësselroman“ zu de Bommenattentater aus den 1980er-Joren (Wikipedia) ass erëm do: Kremart huet de „Bommenteppech“ vum Josy Braun aus dem Joer 2004 iwwerschafft a bréngt en elo nei raus an enger Ausgab mat maximalem Lies-Confort ... Hierscht 1984: Op der Éisleker Scheedhéicht flitt e Juegdchalet an d’Luucht. Geschwënn duerno gëtt en Hobby-Detektiv aus der Scheedhéichter „Résidence Lorblumm“ vermësst. Wat d’Land nach net weess: Et ass den Optakt fir eng ganz Serie vu Sprengstoff-Uschléi. Am Ufank gesäit et esou aus, wéi wann eng vun de liewenswichtegsten Institutioune vun der nationaler Economie soll getraff ginn: d’„Cancoillottes Ardennaises“. No an no sinn sech Regierung, Chamber, Justiz, Sûreté a Service de renseignement awer net méi sou sécher.Do gëtt et Iwwerfäll op Banken a Polverdepoten; do gëtt Léisegeld an Enveloppen an a Wallissen transportéiert, dat ni ukënnt; do platzt iwwerdeems de Poopst mat der Gëlle Fra an den Troublement; do zirkuléieren op eemol Nimm uechtert Stad a Land. De Kommissär Marius Gallo kniwwelt un engem éischte Rapport. Hie kritt der op d’Pouten, bréngt en zweete Rapport un de Mann … awer laanscht den hierarcheschen Déngschtwee. D’Land verschwënnt ënner engem Bommenteppech, an – wien hätt dat geduecht? – ënnert dem Teppech verschwannen d’Bommen. Nom posthume Krimi „Armagnac“ am Joer 2013 ass „Bommenteppech“ dat zweet Buch vum Josy Braun (1938-2012), dat bei Kremart Edition erauskënnt. D'Titelbild as vum Josée Klincker.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteur | Braun Josy |
| Catégorie | Littérature - Roman |
| Sujet | Etat luxembourgeois - Affaire Bommeleeër |
| Parution | 2014 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
Erzielong fir Kanner mat Zeechnonge vum Auteur.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Braun Josy , De Saint-Exupéry Antoine |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Parution | 2015 |
| Support | Livre |
| Editeur | Editions Phi |
Dëst klengt Léierbuch soll hëllefen, fir eis Sprooch richteg ze schreiwen. Et ass also net geduecht, fir se richteg schwätzen ze léieren, dofir gëtt et aner Methoden a Coursen. D'Bichelche vermëttelt an enger méiglechst einfacher Sprooch eis offiziell Orthografie. Deene Leit, déi eis allgemeng Lëtzebuerger Ëmgangssprooch schreiwe wëllen, sief heimat e klengen Déngscht geleescht. (Josy Braun)
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Braun Josy , Sperl Helmuth |
| Parution | 2020 |
| Support | Livre |
| Editeur | Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch - ZLS |
This little booklet aims to support anybody wishing to perfect their Luxembourgish spelling. It should not be considered as a tool to help improve one’s speaking skills as there are other methods and courses dedicated to this purpose. The booklet conveys the official Luxembourgish orthography in as accessible a way as possible and is devoted to those people interested in the spelling of everyday Luxembourgish. Fir deenen, déi eng Affinitéit zu der englescher Sprooch hunn, och e méiglechst liichten Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie ze ginn, gouf dem Josy Braun seng Orthografie-Didaktik och op Englesch iwwersat. Ëm dës „Introduction to Luxembourgish Spelling“ hu sech dʼSarah Hess vum ZLS an den John Phillips gekëmmert. De Klassiker vum Josy Braun ass also elo an dräi Sproochen disponibel: op Lëtzebuergesch, op Franséisch an op Englesch.
| Langue | Anglais - GB |
|---|---|
| Auteurs | Braun Josy , Sperl Helmuth , Hess Sarah |
| Parution | 2019 |
| Support | Livre |
| Editeur | Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch - ZLS |
Ce petit ouvrage a été conçu pour aider à écrire correctement le luxembourgeois. Il n'est donc pas destiné à apprendre à parler la langue correctement, d'autres méthodes et d'autres cours ayant été élaborés à cet effet. Ce manuel a pour objectif de transmettre l'orthographe luxembourgeoise officielle dans des termes aussi simples que possible. Dans l'espoir que ceci soit utile aux personnes souhaitant écrire le langage courant général. (Josy Braun) Déi franséisch Versioun vun „Eis Sprooch richteg schreiwen“ soll de francophonnen Interesséierten en agreabelen Zougang zu der Lëtzebuerger Rechtschreiwung bidden. Dat verdäitlecht och den Ënnertitel vum Buch: Une introduction à lʼorthographe luxembourgeoise. Ëm den Update huet sech den Helmuth Sperl gekëmmert, dʼIwwersetzung gouf vum Angela Tumiotto a vum Christine Schmit fir den ZLS realiséiert. Orthographie actualisée de novembre 2019
| Langue | Français |
|---|---|
| Auteurs | Braun Josy , Sperl Helmuth , Tumiotto Angela , Schmit Christine |
| Parution | 2020 |
| Support | Livre |
| Editeur | Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch - ZLS |
DʼWierk vun den Auteure Josy Braun, Marianne Johanns-Schlechter, Josée Kauffmann-Frantz, Henri Losch, Geneviève Magnette-Barthel zesumme mam Jackie Messerich vum Projet Moien war vergraff a gouf dofir vun der Dr. Caroline Döhmer an der Dr. Judith Manzoni-Luxenburger fir den ZLS un déi aktuell Orthografie ugepasst. D’Grammaire vun der Lëtzebuerger Sprooch ass also weider ze kréien, parallel dozou huet den ZLS ugefaangen, un enger eegener, ganz neier Grammaire ze schaffen.
| Langue | Français |
|---|---|
| Auteurs | Losch Henri , Braun Josy , Messerich Jackie , Johanns-Schlechter Marianne , Kauffmann-Frantz Josée , Magnette-Barthel Geneviève , Döhmer Caroline , Manzoni-Luxenburger Judith |
| Parution | 2020 |
| Support | Livre |
| Editeurs | Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch - ZLS , Script |