Kieffer Georges

Et ass e ganz wäite Bou, deen de Georges Kieffer do spaant, andeems en 1920 zu Muneref mat engem Flugfest, dat dee-mools fir Sensatioun gesuergt huet, ufänkt. Dat, wat fréier vun engem Fotograf festgehale gouf, ass och festgehalen an den Erënnerunge vun de Leit. An domat si mer an der Géigewaart (oder ass et dach eréischt d’Zoukonft?), wou mer eis mat deenen Erënnerungen an Dreem vun den ale Leit mat Hëllef vun enger Gedankeliesmaschinn do-heem eisen eegene Fernsehprogamm zesummestelle kënnen. Dass do dann och Geld an eng politesch Karriär op Käschte vun deenen ale Leit domat ze maache wäert sinn, mierkt ee bei der Lektür vum Georges Kieffer sengem Roman.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Kieffer Georges
Catégorie Littérature - Roman
Parution 2007
Support Livre
Editeur Op der Lay