Weber Renée

De Willi Wull, e Maulef, huet d’Nues erausgestreckt a kuckt sech an engem Gaard ëm. An do gesäit e jo net d’Susi, eng kleng Kanéngchen, déi an engem Käfeg agespaart ass. Well hie gläich an déi léiw Kanéngche verknallt ass, mécht hien elo alles, fir d’Susi aus deem Gefängnis erauszekréien. Dat geet natierlech net, ouni dass d’Mënschen dat gesinn. A si kommen sech es net zou, datt do op eemol riseg Hiwwelen entstinn an drënner Risentunnellen. Wat muss do e Monster liewen! A sou kënnt alles ugerannt: vun den Noperen iwwert d’Televisiounsreporter bis zum Saurierforscher – an alles wéinst dem Willi Wull! Eng léiw, mä och spannend Geschicht iwwert dee schlauen a staarke Maulef.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Weber Renée
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Social - Amitié
Parution 2011
Support Livre
Editeur Op der Lay

Mä besonnesch beim Weier erliewt hien da ganz villes mam Fränki Fësch, Elsi Ellchen, Karlo Kriibs, Maisy Muschel a Kaarpe Rosch. D‘Renée Weber ass als Illustratorin an och Schrëftstellerin schonn zënter Joere bei de Kannerbicher zu Lëtzebuerg net wechzedenken. All seng Bicher si bis elo Bestseller a souguer richteg Klassiker ginn, well seng Biller a Geschichte mëttlerweil scho bal Generatioune begeeschteren.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Weber Renée
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Social - Amitié
Parution 2009
Support Livre
Editeur Op der Lay

Dat éischt Buch fir Kanner, wat d‘Renée Weber geschriwwen an illustréiert huet an dat Buch ass direkt e joerelaange Bestseller bei de Lëtzebuerger Kannerbicher ginn. Et geet ëm déi aussergewéinlech déiw Frëndschaft zwëschen zwee ganz verschiddenen Déiercher, nämlech enger klenger Spann an engem Raup, déi zesummen eng ganz Rëtsch Abenteuer erliewen. A well de Rolfi Raup och nach seng Form zweemol changéiert, ass d‘Ann Spann dach zimlech beonrouegt, et gesäitt de Rolfi dann herno awer als Päiperlek erëm. Mä mir kënne jo hei net dat ganzt Buch verzielen, och wa mir grad bei dësem Buch dat ganz gär griffe machen... Fir Elteren, déi hire Kanner tëschent 4 an 10 Joer eng Geschicht mat flotte Biller wëlle virliesen oder wou d‘Kanner och selwer wëlle liesen, ass d’Ann Spann mat Sécherheet e gudden Tipp. Déi flott Illustratiounen an de spannenden Text suergen dofir, datt dëst Buch sou dacks a gär gelies gëtt.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Weber Renée
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Social - Amitié
Parution 2011
Support Livre
Editeur Op der Lay

De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz, an zwar mat 10 Kanéngercher op de Camping. Ma dat ka jo flott ginn. Genee!

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Weber Renée
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Animaux
Parution 2013
Support Livre
Editeur Op der Lay

Wéi all Joer gëtt och erëm eemol e Stéck vun der Klass geprouwt. Privat komme fir de Philippe a seng Famill och nach Problemer mat der Bomi, well déi ganz krank ass. Mä och dëst Buch ass erëm vum Roland Meyer mat vill Humor geschriwwe ginn an hie weess, datt et ausser deenen on-erfreeleche Momenter dach nach e ganze Koup lëschteg Afäll an der Schoul an am Liewe ginn. - Illustréiert vum Renée Weber.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Meyer Roland , Weber Renée
Catégorie Littérature - Théatre
Parution 2002
Support Livre
Editeur Op der Lay

De klenge Bicherwuerm Felix wunnt um Späicher, mä eréischt wéi en déi grouss Bibliothéik an der Stuff entdeckt, schmaacht hie vun all Buch, erliewt sou vill flott Saachen a bréngt et fäerdeg, datt herno seng ganz Famill a seng Frënn sech fir d’Bicher intresséieren. An natierlech ass dat Buch mat haarden Deckelen erëm vum Renée Weber selwer wonnerschéin a faarweg illustréiert ginn.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Weber Renée
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Livres
Parution 2014
Support Livre
Editeur Op der Lay

Et ass däischter ginn am Bësch an domat ass den Hu, en Uhu, lo mol grad er­wächt a mécht sech mat sengem Gejäiz bei aneren Déier, déi nuets schlofe wëllen, awer guer keng Frënn. Dofir flitt hien en Tour bei dat aalt Schlass, wou hien e klengt Gespenst begéint, wat sech bei enger aler Ritterrüstung just langweilt. Dofir wëllt et mam Hu zesummen an d’Nuecht fléien, an dat klengt Gespenst huet sou villes an der Welt nach ni gesinn a scho guer net vun uewen. Mä wat dat klengt Gespenst besonnesch kann, weist et méi spéit, wéi et awer ganz opreegend gëtt. Méi wëlle mer awer elo net verroden! D’Renée Weber schreiwt net nëmme Geschichte fir Kanner, mä et illustréiert se och selwer a seng Kannerbicher kennen zu Lëtzebuerg e grousse Succès: d’Ann Spann, de Willi Wull, d’Muhna Lisa, de Bom­mel, de Bopi Néckel, de Klenge Felix (Lëtzebuer­ger Buchpräis 2009) an Eng Maus am Haus (Lëtzebuer­ger Buchpräis 2016).

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Weber Renée
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Hibou
Parution 2018
Support Livre
Editeur Op der Lay

Et ass eng spannend, mä och lëschteg Geschicht, wou d'Kanner op eemol mierken, datt nuets, wa si net do sinn, eng Mausmamm mat hir Kanner op der Sich ass, fir eppes ze frupsen ze fannen. An och dem Noper seng Kaz Luigi ass keng grouss Hëllef. Mä kuckt Iech mol selwer un, wéi flott déi Zesummenaarbecht tëschent der Kannerbuchautorin an de klengen Illustrateure verlaf ass. 2009 krut d'Renée Weber fir säi Buch «Dem Klenge Felix seng grouss Rees» de Lëtzebuerger Buchpräis bei de Kannerbicher, wat och schonn an 2. Oplo virläit.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Auteurs multiples , Weber Renée
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Animaux
Parution 2016
Support Livre
Editeur Op der Lay

Eent vun den ongewéinlechste Bicher: de Roger Manderscheid féiert mat senge Lëtzebëtz fir d’éischte Kéier (a mat vill Witz) déi kleng literaresch Form vum Limerick an d’Lëtzebuerger Literatur an - Illustréiert vum Renée Weber.

Details
Langues Allemand Luxembourgeois
Auteurs Manderscheid Roger , Weber Renée
Catégorie Littérature - Bande dessinée
Sujet Limerick
Parution 1991
Support Livre
Editeur Op der Lay

Am 3. Band vum Philippe spillt d’Schoul mol eng manner grouss Roll, well dem Philippe seng Famill Vakanz mécht. Nodeems et scho schwéier genuch war, fir iwwerhaapt nach de Fliger ze kréien, kéinnt et eng richteg Erhuelung sinn, wann net nach zimlech vill passéiere géif an do mécht de Philippe no enger richteger Detektivaarbecht eng Entdeckung, déi leider guer net sou erfreelech ass. Mä loosst Iech iwwerraschen! Illustréiert vum Renée Weber.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Meyer Roland , Weber Renée
Catégorie Littérature - Théatre
Sujet Vacances
Parution 2003
Support Livre
Editeur Op der Lay

An dann enges Daags ass d’Chance vum Liewen do … an d’Muhna Lisa kann endlech eemol vum Buedem ofhiewen. Wat dee léiwe Muhbäizi zesumme mat deem klenge roude Villchen do alles erliewt, wëlle mer natierlech net schonn hei verroden, dat solle jo déi kleng Kanner an deem Buch, wat vum Renée Weber ganz faarweg illustréiert gouf, selwer gewuer ginn. Se wäerte begeeschtert sinn, well déi Geschicht vun der Kou, déi mam Ballon flitt, esou spannend ass an dem Renée Weber seng Biller esou flott gemoolt sinn.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Weber Renée
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Social - Aventures
Parution 2010
Support Livre
Editeur Op der Lay

Et puis un jour, voilà la chance unique pour Mouhna Lisa … et elle peut enfin quitter la terre. Mais nous ne pouvons pas raconter ici toutes les aventures que cette vache aimable va vivre avec le petit oiseau rouge, les enfants le vont découvrir eux-mêmes dans ce merveilleux livre entièrement illustré en couleurs par l’auteur. Ils seront plein d’enthousiasme, car l’histoire de la vache en mongolfière est tellement captivante et les images de Renée Weber sont vraiment magnifiques.

Details
Langue Français
Auteur Weber Renée
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Social - Aventures
Parution 2010
Support Livre
Editeur Op der Lay

Pirik arbeitet als Clown, aber nach dem Beinbruch der Seiltänzerin im Zirkus stellt er sich Fragen, ob seine Arbeit nicht ein wenig sinnlos ist. Er kündigt also und macht sich auf die Suche nach einer «ordentlichen Beschäftigung», doch ein Clown bleibt ein Clown, wenn auch manchmal ungewollt, weshalb so manches Missgeschick passiert. Doch selbst als er dem Direktor einer großen Firma über die Schulter schauen darf, bleibt die Frage, wo eigentlich der größte Zirkus ist. Die Begegnung mit der kranken Svenja zeigt ihm jedoch, dass wir alle irgendwie gebraucht werden und im Leben eine wichtige Rolle spielen. (zweifarbig illustriert von Renée Weber)

Details
Langue Allemand
Auteurs Weber Renée , Frières Danielle
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Roman
Parution 2004
Support Livre
Editeur Op der Lay

De Sam, dem Tina säi Päerd, ass verschwonnen. Eng ganz spannend Geschicht vum Renée Weber, déi vu Kanner illustréiert gouf.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Weber Renée
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Social - Aventures
Parution 2007
Support Livre
Editeur Op der Lay