Komm an dem Elmar säin Orchester! - Fir säi Koseng Willy opzemonteren, versammelt den Elmar all d’Musikanten aus dem Dschungel fir e grousse Concert. Sich d’Symboler am Buch, dréck op de passende Knäppchen an erlief sou dës musikalesch Déieregeschicht.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Sujet | Animaux |
| Parution | 2016 |
| Support | Livre + Audio |
| Editeur | Kremart Edition |
Elmar auf Luxemburgisch! Fir säi 25. Gebuertsdag am Joer 2014 hat dee faarwegen Elefant Elmar eng faarweg Sprooch geléiert: Lëtzebuergesch! "Den Elmar" mécht den Optakt vun der Kannerbuch-Klassiker-Serie vum David McKee, déi vu Kremart Edition no an no an d'Lëtzebuergescht iwwerdroe gëtt. An der éischter Geschicht gëtt dee faarweg karéierten Elefant, deen ëmmer gutt drop ass an ëmmer jiddereen zum Laache brénge wëll, virgestallt. Eng Geschicht, déi immens populär ass a bei de Kanner ganz gutt ukënnt, wéi och de Feedback op déi lëtzebuergesch Versioun vum Luc Marteling, korrigéiert vum Myriam Welschbillig, beweist: méintelaang op der Bestsellerlëscht! - Vum David McKee si bis elo bei Kremart Edition erauskomm oder kommen nach eraus: Den Elmar (Summer 2014), Den Elmar an d’Nilpäerd (Hierscht 2014), Den Elmar an d’Monster (Fréijoer 2015), Den Elmar an d’Schlaang (Summer 2015), Den Elmar am Schnéi (Hierscht 2015).
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Sujet | Animaux |
| Parution | 2014 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
Mat feste Säiten a mat engem Spigel. Dëst Buch am klenge Format ass en ideale Start an déi faarweg Welt vum Elefant Elmar, vum deem antëscht ronn eng Dose Geschichten op Lëtzebuergesch iwwersat goufen.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Sujet | Social - Amitié |
| Parution | 2017 |
| Support | Livre + Jeu |
| Editeur | Kremart Edition |
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Sujet | Animaux |
| Parution | 2015 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
Dësen "Elmar" handelt vu Fairplay am Sport an am Liewen. Mat ville léiwe, faarwege klengen Elefanten, déi eng Course maachen, passt dës Geschicht besonnesch gutt an d'Zäit vun de "Spiller vun de klenge Länner" (JPEE- Jeux des petits Etats d'Europe).
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Sujet | Sport |
| Parution | 2017 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Sujet | Animaux |
| Parution | 2015 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Catégorie | Littérature - Roman de jeunesse |
| Sujet | Animaux |
| Parution | 2014 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
Op eng spilleresch Manéier illustréiert „Den Elmar an d'Schlaang“ de Sproch: Wien engem aneren eng Fal stellt, dappt um Enn nach selwer dran. A well d'Schlaang sech aus dem Stëbs mécht an an d'Vakanz geet, nodeems se den Uz mat den Elefante gemaach huet, bréngt Kremart hir Geschicht pénktlech virum Summercongé eraus.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Sujet | Animaux |
| Parution | 2015 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
Den Elmar a säi Koseng Willy wëllen op d’Plage d’Wale kucke goen. Ma hir Rees gëtt vill méi opreegend, wéi si geduecht hunn. Um Enn dreiwe si eleng a verlooss matzen um Mier. Kënnen d’Walen hinnen hëllefen, nees u Land ze kommen? Eng weider immens flott Aventure vun de populären Elefanten, déi och nach gutt an d’Summer- an d’Vakanzenzäit passt!
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Sujet | Animaux |
| Parution | 2016 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
Den Elmar geet spadséieren an héiert op eemol een ëm H¨llef ruffen. De Päiperlek ass an engem Lach gefaangen, well en Aascht erofgefall ass. Kee Problem fir den Elmar, fir en ze befreien. De Päiperlek seet Merci a versprécht, sech fir d'Hëllef ze revanchéieren. Ma den Elmar ka sech net richteg virstellen, wéi e Päiperlek engem Elefant hëllefe kéint... kuerz drop ass et dann awer esou wäit. Eng spannend Geschicht, déi weist, datt déi Grouss och heiansdo op déi Kleng ugewise sinn.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Sujet | Papillons |
| Parution | 2018 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
Den Elmar ass traureg, well de Reebou seng Faarwe verluer huet. Hie wëll hëllefen, ma wat geschitt mat him, wann hien dem Reebou seng Faarwe gëtt? Verléiert hie se dann fir ëmmer? Eng klassesch Geschicht iwwer Deelen a Matginn.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Sujet | Arc en ciel |
| Parution | 2018 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
Mat „Den Elmar an de Super El“ kënnt eng weider regulär Geschicht eraus, an där den Elmar sengem klenge Frënd hëllefe muss, well eng pickeg Heck deem säi Kostüm ramponéiert huet. Ma wéi kommen déi zwee Elefanten elo bei d'Tatta Tzidoni, ouni datt ee si gesäit? Eng léif Geschicht iwwer hëllefen an oflenke vum David McKee, iwwersat vum Luc Marteling.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Parution | 2017 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
Gëtt et en Ënnerscheed tëscht hopsen a sprangen? D'Känguru mengt, do géif et ee ginn, bis den Elmar him seet, datt dat eent grad esou gutt ass wéi dat anert. An dëser Geschicht daucht en neit Déier am Elmar senger Welt op, eent, dat gären hopst a spréngt – an dat direkt an d'Häerzer vun de Kanner!
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Parution | 2019 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
Bei den Déieren ass eppes net normal: Et ass ze roueg, d’Villercher si fort! Si hu sech verstoppt, well si hunn Angscht virun engem groussen, béise Vugel. Wéi den Elmar dat matkritt, huet hien eng genial Iddi, fir dee béise Vugel ee fir allemol lasszeginn. Eng weider wonnerbar Geschicht vum David McKee, déi weist, datt een zesumme staark ass a méi erreeche kann! „Den Elmar an dee grousse Vugel“ ass ewell déi sechst Aventure vum David McKee sengem faarweg karéierten Elefant, déi de Luc Marteling op Lëtzebuergesch iwwersat huet. Virdru sinn ewell erauskomm: „Den Elmar“, „Den Elmar an d’Nilpäerd“, „Den Elmar an d’Monster“, „Den Elmar an d’Schlaang“ an „Den Elmar am Schnéi“.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Parution | 2016 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |
„Mäin Elmar“ ass e Buch … wéi en Elefant! D’Buch huet nämlech d’Form vun engem Elefant a besteet aus Kartongssäiten. D’Geschicht entsprécht där aus dem éischten Elmar-Buch „Den Elmar“, et léiert een also dee faarweg karéierten Elefant kennen. E perfekte Kaddo fir kleng Elmar-Fans oder jonk Lieser, déi et nach wëlle ginn.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , McKee David |
| Parution | 2018 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |