Christiane Kremer

Am Oktober 2015 hat Kremart zu Frankfurt op der Buchmesse e Buch erbléckt, dat direkt e “Coup de coeur” war: “Dans mon petit coeur” huet et passenderweis geheescht a war vum Jo Witek (Text) a Christine Roussey (Illustratiounen) bei de franséischen Éditions de La Martinière Jeunesse erauskomm. Et handelt sech ëm eng méi opwänneg Produktioun, well am Mëttelpunkt vum Buch steet en Häerz, dat aus all Säit gestanzt gouf, ëmmer eng Nummer méi kleng, fir um Enn esou e faarwegen Effekt ze erreechen, datt de Bléck direkt captéiert an d’Häerz direkt beréiert gëtt …

Details

De Summer ass d’Zäit vun de kuerze Boxen a leider och vun den oppene Knéien. Ma mat eisem neiste Buch ass dat kee Problem méi! “Blosen, tréischten, Plooschter drop” heescht et … a scho sinn all d’Déieren nees gesond a monter a loosse sech nei Topegkeeten afalen. Am Original vum Henning Löhlein a Bernd Penners bei Ravensburger, vum Christiane Kremer fir Kremart op Lëtzebuergesch iwwersat. - De Clou: Am Buch mat feste Säite si 5 Spill-Plooschteren integréiert, déi d’Kanner op d’Boboe vun den Déiere peche kënnen. Eent pecht direkt um Cover, dofir ass do eng Schutzfolie drëm! An d’Plooschtere kann een esou dacks benotzen, wéi ee wëll. Se sinn einfach propper ze halen a bleiwe gutt pechen. Huet ee se bis een oder zwee Mol lassgemaach, geet dat ganz liicht!

Details

"D'Geschicht vun der Faarfdrëps an der Schnéiflack" erzielt vun engem magesche Moment an enger spezieller Frëndschaft. En ongewéinlecht Mäerche fir Kanner an eng poetesch Libesgeschicht fir Erwuessener, duergestallt duerch apaart Zeechnungen a filigran Ornamenter am Pabeier. Den italienesche Journalist Pierdomenico Bacchalario ass bekannt duerch seng Kanner- a Jugendbicher, déi a méi wéi 18 Sproochen iwwersat goufen. Zesumme mam Alessandro Gatti huet hien 2013 säin éischt Billerbuch erausginn: "Storia di Goccia e Fiocco". D'Zeechnungen an d'Illustratioune stame vun der Simona Mulazzani, déi zu de bekannten Illustratorinnen an Italien zielt an och schonn international Präisser fir hir Wierker kritt huet. D'Christiane Kremer huet d'Buch, dat am Original bei Editrice Il Castoro zu Mailand erauskomm ass, op Lëtzebuergesch iwwersat. D'Buch ass vu vir a vun hannen ze liesen: Dat eent ass d'Geschicht vun der wäisser Flack, dat anert déi vun der schwaarzer Drëps an an der Mëtt ...

Details

„De Poli an d'Maisy“ vum Christiane Kremer ass d'Geschicht vun der ongewéinlecher Frëndschaft tëscht dem faarwege Villche Poli an der groer Fliedermaus Maisy – eng Frëndschaft, déi trotz allen Differenze weist, wéi een zesumme staark ass a vunenee léiere kann. Déi detailléiert Zeechnunge vum Aline Forçain ginn der Naturgeschicht ronderëm „déi schéinste Bëschfrëndschaft, déi ech kennen“ (Guy Helminger) eng besonnesch Déift an eng erfrëschend Liichtegkeet.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Christiane Kremer
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Animaux
Parution 2015
Support Livre
Editeur Kremart Edition

E klenge Männche géint grouss Viruerteeler: „De Schudder-Schusch“ heescht dat neit Kannerbuch, mat deem Kremart Edition an d’Joer 2016 start. D’Déieren op der Dëlpes-Pick vun de Knubberdulles-Bierger sinn entsat: De Schusch wëll bei si eropplënneren! Si hunn de Schusch zwar nach ni selwer gesinn, mä si wësse genee, wéi en ausgesäit: En ass grouss, buuschteg a muffeg – en ass einfach, fir sech ze schudderen! Esou ee wëllen d’Déieren net bei sech wunnen hunn! Ma dofir ass et elo ze spéit, d’Plënnerkëschte stinn nämlech scho virun der Dier. Natierlech wëll keen op dem Schudder-Schusch seng Aweiungsparty goen. Keen? Net ganz, een Déier kann der Invitatioun net widderstoen: De Party-Hues traut sech bei de Schusch. Gëtt aus him elo Huesenziwwi oder léiert hien deen Neien elo mol richteg kennen? „De Schudder-Schusch“ ass eng lëschteg Geschicht iwwer Viruerteeler, déi weist, datt ee sech heiansdo selwer an de Féiss steet.No dem Buch „De Kueb Kuiitsch traut sech“, dat 2015 laang ganz uewen op der Bestsellerlëscht stoung, ass „De Schudder-Schusch“ déi zweet Koproduktioun, déi Kremart zesumme mat Ravensburger erausbréngt.

Details

D’Christiane Kremer hëlt Iech a sengem Wierdermoler mat op e Spadséiergank an e Park, wou Dir d’Sonndesjoggerin an de Laptopmann kenneléiert. Eng wonnerbar douce Libesgeschicht mat oppenem Schluss mécht den Optakt vun der Smart-Serie.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Christiane Kremer
Catégorie Littérature - Récit
Sujet Social - Amour
Parution 2014
Support Livre
Editeur Kremart Edition

Déi kleng Prinzessin hätt gär e richtege Frënd. D’Kinnigin mengt, datt déi kleng Prinzessin an der Schoul lauter Frënn fënnt. Mä ass dat wierklech esou einfach? Wat erlieft een esou am Schoulhaff a wéi geléngt et der klenger Prinzessin, um Enn awer lauter Frënn ze hunn? Eng Geschicht aus der Liewenswelt vun de Kanner: Si betrëfft se a si beréiert se! A si ass perfekt fir de Summer, well no engem Schouljoer ass jo bekanntlech virun engem Schouljoer.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Christiane Kremer , Ross Tony
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Social - Amitié
Parution 2018
Support Livre
Editeur Kremart Edition

Ronderëm d'Schlass geschéie lauter komesch Saachen a jidderee mengt, et wier déi kleng Prinzessin gewiescht. Do ka si nach esou haart jäizen: "Ech war dat net!" Kee gleeft hir dat. Rose geet déi kleng Prinzessin sech verstoppen a fënnt eraus, wien et wierklech war... - Eng léif Geschicht iwwer Schold an Onschold, iwwer eppes stiichten, éierlech sinn an een tréischten. Dëst ass schonn déi sechst Aventure vum Tony Ross senger klenger Prinzessin, dli d'Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat huet.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Christiane Kremer , Ross Tony
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Education
Parution 2018
Support Livre
Editeur Kremart Edition

All Nuecht erzielt de Kinnek der klenger Prinzessin eng Gutt-Nuecht-Geschicht. Mä well hien op enger kinneklecher Geschäftsrees ass, ass elo keen do, deen hir eng Geschicht ziele kann, déi sou gutt ass, wéi dem Pappa seng … an dofir kann déi kleng Prinzessin NET aschlofen. Well: Et geet dach näischt iwwer eng schéi Geschicht! „Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht“ ass eng weider Geschicht vum Tony Ross senger klenger Prinzessin, déi vum Christine Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat gouf.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Christiane Kremer , Ross Tony
Parution 2018
Support Livre
Editeur Kremart Edition

Déi kleng Prinzessin wëll net an d’Bett. Nodeems se schonn e puer Mol opgestanen ass, ginn de Kinnek an d’Kinnigin ganz streng an d’Prinzessin geet wierklech schlofen. Mä wéi de Kinnek nach eemol kucke geet, fir gutt Nuecht ze soen, ass d’Bett erëm eidel! Wou kann déi kleng Prinzessin nëmme sinn? 1986 huet den Tony Ross déi éischt Geschicht vu senger klenger Prinzessin erausbruecht. Déi ass véier Joer al a wunnt mat hiren Elteren a mam ganzen Haff an engem Schlass. Fir den 30. Gebuertsdag vun der Geschicht huet d’Christiane Kremer der klenger Knätzel Lëtzebuergesch bäibruecht.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Christiane Kremer , Ross Tony
Catégorie Littérature - Jeunesse
Parution 2016
Support Livre
Editeur Kremart Edition

Déi kleng Prinzessin ass ni krank, et sief, et freet ee si, eppes ze maachen: Si ass ze krank, fir mam Mupp spadséieren ze goen, a si ass nach vill méi krank, wann et heescht, an d’Schoul goen. Mä wa si op eng Party invitéiert gëtt, geet et hir séier erëm besser. Oder net? No „Ech wëll net an d’Bett!“ ass „Mir ass et schlecht!“ déi zweet Geschicht vum Tony Ross senger klenger Prinzessin, déi d’Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat huet.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Christiane Kremer , Ross Tony
Catégorie Littérature - Jeunesse
Parution 2016
Support Livre
Editeur Kremart Edition

Et ass geschwë Mammendag. D’Sarah wëll senger Mamma, mat där hatt eleng wunnt, onbedéngt e ganz besonnesche Cadeau maachen. Net just déi Bastelaufgaben aus der Schoul, déi seng Mamma ëmmer mat ganz vill Léift an hir „Schatzkëscht“ leet – eng Këscht, déi se dann awer ni méi opmécht. D’Sarah freet säi beschte Frënd Joey ëm Hëllef. Dee wunnt mat sengen zwee Pappen net wäit ewech. An hirer Famill ass ëmmer gutt Laun a si kënnen dem Sarah bestëmmt hëllefen … D’Buch „Mammendag – Dem Sarah seng Sich nom richtege Cadeau“ erzielt d’Geschicht vun engem klenge Meedchen, dat senger Mamma Zäit schenke wëll. „Mammendag“ ass awer och eng Geschicht iwwer Respekt, Léift an Toleranz an enger Welt, déi sech verännert an nei Chancë vun Zesummeliewen a Familljegléck bitt.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Christiane Kremer , Mélan Anne
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Mères
Parution 2013
Support Livre
Editeur Kremart Edition

De Poli fladdert am däischtere Bësch tëscht de Beem erduerch. Op eemol, flupp, rennt hie mat eppes zesummen. „Aua, kanns du net oppassen?“, jäizt de Poli a gesäit just e Schiet, dee ganz séier am Zickzack fortflitt. „Hey, bleif hei. Du kanns awer Pardon soen. Hues du mech dann net gesinn?“ De Poli setzt sech op en dënnen Aascht, en huet e bëssi Angscht. Do kënnt de Schiet bei hie geflunn … De Poli an d’Maisy“ ass d’Geschicht vun enger ganz ongewéinlecher Frëndschaft. „Déi schéinste Bëschfrëndschaft, déi ech kennen“ (Guy Helminger, Schrëftsteller a Kulturkritiker) - Poli voltige entre les arbres dans la sombre forêt. Soudain, bim, il heurte quelque chose. « Ouh là, tu ne peux pas faire attention ? », crie Poli qui voit passer une ombre zigzaguant très vite dans les airs… « Eh, reste ici. Tu pourrais quand même t’excuser. Tu ne m’as donc pas vu ? » Un peu effrayé, Poli se pose sur une branche frêle. L’ombre se dirige alors vers lui. - Poli & Maisy » est l’histoire d’une amitié très particulière, traduite du luxembourgeois en français par Marilyn Schmit. «La plus belle amitié sylvestre que je connaisse» (Guy Helminger, écrivain et critique)

Details
Langues Français Luxembourgeois
Auteurs Christiane Kremer , Forçain Aline
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Animaux
Parution 2016
Support Livre
Editeur Kremart Edition

“So mol, Lobo!” ass eng Geschicht iwwer d’Schwätzen. An doriwwer, wéi wichteg et ass, mateneen ze schwätzen a sech eppes ze soen. Mat vill Gefill an Afillungsverméigen erzielt vum Christiane Kremer a genee esou empathesch illustréiert vum Vincent Biwer. Eng spilleresch Kannergeschicht, déi fir Gespréich suergt.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Christiane Kremer , Biwer Vincent
Parution 2018
Support Livre
Editeur Kremart Edition