De Kuiitsch ass net wéi déi aner Kueben aus senger Famill. Seng Bridder Kuatsch a Kuätsch léiere fléien a maache grouss Ausflich, wéi et sech fir Kuebekanner gehéiert. De Kuiitsch awer, dee bleift léiwer doheem am Nascht a kuckt hinne vu Wäitem no. Seng Eltere maache sech vill Suergen: Wat soll nëmmen aus deem klenge Kueb ginn? Um Enn weist de Kuiitsch awer jidderengem, wat hie kann. Hien huet nämlech en extrat Talent ... well fléie kann dach schliisslech all Kueb! „De Kueb Kuiitsch traut sech“ gouf geschriwwe vum Manfred Mai a gezeechent vum Henning Löhlein. D'Buch ass als „Ringo Rabe traut sich was“ bei Ravensburger erauskomm a gouf vum Luc Marteling fir Kremart Edition iwwersat. An de Kuiitsch – e „Mutmacher-Buch“ (Luxemburger Wort) – ass direkt héich geflunn: an d'Häerzer vun de Kanner an op déi éischte Plaz vun der Bestsellerlëscht (Kanner- a Jugendbicher) vum Mount Mäerz 2015.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Marteling Luc , Mai Manfred |
| Catégorie | Littérature - Jeunesse |
| Sujet | Animaux |
| Parution | 2015 |
| Support | Livre |
| Editeur | Kremart Edition |