De Jean-Paul Hurt huet op d’Fro vu senge Kanner „Pappa, mir wëssen net, wéi dir gelieft hutt.” reagéiert an déi éischt 30 Joer vu sengem Liewen opgeschriwwen. De Jemmy, wéi en als Professor vu Kollegen a Schüler genannt gouf an dee wuel bal alle Secondaireschüler als Matauteur vum „Sprachbuch für den Deutschunterricht in Luxemburg” während Joeren e Begrëff war, mécht op der enger Säit eng perséinlech an éierlech Retrospektiv, mä liwwert eis och e geschichtlechen Abléck an déi Zäit vum zweete Weltkrich an natierlech déi Joere vum Neiufank hei zu Lëtzebuerg. / De Jean-Paul Hurt schreiwt am Virwuert: Wann een dat vun den eegene Kanner am Zesummenhang mam Zweete Weltkrich a mat der Nokrichszäit ze héiere kritt, wëllt ee sech mol selwer iwwert déi Zäit méi bewosst ginn. Ons Generatioun hat nun eemol an deene Joren e Liewen, dat a krassem Géigesaz zu onser heiteger Wuelstandsgesellschaft steet, an et ass dat, wat déi jénger Generatioune sech nach kaum virstelle kënnen, wann déi lescht Zäitzeien et hinnen net méi anschaulech maachen. Virausgesat, si interesséieren sech duerWr, wat bei villen de Fall ass. Wéi soss soll ee sech déi Tatsaach erklären, datt permanent Televisiouns- a Radiosendungen, Filmer a Bi-cher iwwert d’Krichs- an d’Nokrichszäit erauskommen, wa keen Interessi doru bestoe géif ? Duerfir hunn ech gemengt, datt ech och eppes ze erzielen hätt, well meng ganz Jugend, an dorënner verstinn ech eben déi Joren 1937 bis 1967, gouf vun Erliefnesser geprägt, déi direkt oder indirekt mam Zweete Weltkrich zesummenhänken. Wéi ech dunn nach Abléck an d’Archive vun der Kollaboratioun an do d’Epuratiounsdossiere vu mengen Elteren zu Gesiicht krut, konnt ech meng Erënnerunge mat deene Quellen ergänzen a richtegstellen. Dat huet mer ëmsou interessanter geschéngt, well jo grad an dësem Moment zu Lëtzebuerg d’Geschicht vun der Kollaboratioun ufänkt, wëssenschaftlech opgeschafft ze ginn. Ech wollt awer net nëmmen dat Aussergewéinlecht aus mengem „Liewensulaf” festhalen, mee och dat Normaalt, dat Alldeeglecht, eben „wéi mir gelieft hunn”, an der Famill, an der Schoul, an der Fräizäit, a mat wéi wéineg mer dacks hu missen zefridde sinn an och waren, well dora läit jo zum groussen Deel de Kontrast zu onser heiteger Konsumgesellschaft.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteur | Hurt Jean-Paul |
| Catégorie | Histoire |
| Sujet | Seconde guerre mondiale |
| Parution | 2016 |
| Support | Livre |
| Editeur | Op der Lay |