Rensky : Alles um Enn, Sire, d’Labberbuerger hunn sech revoltéiert. De Giron ass doud an d’Uppert an de Bierger. / P : Rëppeltchësslabberzéckerkmeckerstécker a Kräitchengëft na mol ! Wou hues der déi Schauermärecher hier ? A wien hätt dat vollbruecht, de Bo huelen ech un ! Vu wou kenns de ? / R : Vu Warschoo, Sire ! / P : Ma léiwe Béifchen … wann ech der géif trauen, ech géif fir d’ganz Arméi Réckgang schalten. Allerdéngs, Sire Béiwchen op dénge Schëllere méi Geplëmms ewéi Gehir an ech soen der : vu Kackuetten hues de gedreemt. Zéi dech op de Virposten, d’Ruschen sinn net méi wäit a mir sollte geschwënn estocadéieren Himmelkräizdonnerknëppel ! / GL : Pappa Uppert, gesitt der op der Weed. D’Rusche kommen, kommen se ? / P : D’ass richteg, do sinn se, d’Ruschen ! An hei elei sinn ech, deeeeee Schéinsten ! … Wa mir elo nawell eng Méiglechkeet hätten, fir ze flüchten.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteur | Clement Christian |
| Catégorie | Littérature - Théatre |
| Parution | 2016 |
| Support | Livre |
| Editeur | Editions Phi |