Steffensmeier Alexander

D’Lizzie huet vill ze dinn. - Et ass geschwë Chrëschtdag a si muss mam Bréifdréier eng Hellewull Päck ausdroen. Wéi se no der Aarbecht heem wëll, fänkt et op eemol un esou déck ze schneien, datt d’Lizzie de Wee net méi fënnt. Ob se nach mat Zäit all d’Kaddoen ënner de Beemche geluecht kritt ?

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Steffensmeier Alexander
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Noël
Parution 2017
Support Livre
Editeur PersPektiv Editions

Beim Sträiche mueres fillt d’Lizzie sech mackeg a midd. Et ass hir wackeleg op de Been, am léifste géif se sech am Stréi verkrauchen ! E kloere Fall fir d’Bauerefra : D’Lizzie huet sech erkaalt ! Elo heescht et Wéckelen ëm d’Wueden, Féiwer moossen an Téi kachen. Jee, de ganze Programm ! Wéi se esou gutt verwinnt gëtt vun hire Frënn, fënnt d’Lizzie, datt net alles esou schlecht ass, wann ee krank ass ...

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Steffensmeier Alexander
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Maladie
Parution 2018
Support Livre
Editeur PersPektiv Editions

Enges Daags fënnt d'Lizzie e gelungent Blat Pabeier an hirem Postsak, dat wéi eng Schatzkaart ausgesäit. Soll um Bauerenhaff wierklech e Schatz vergruewe sinn ? D'Lizzie an hir Frënn maache sech op d'Sich. Der Kaart no muss de Schatz am Geméisgaart verstoppt sinn ! Heemlech gëtt gebuddelt...

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Steffensmeier Alexander
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Social - Aventures
Parution 2017
Support Livre
Editeur PersPektiv Editions

Bauerefra huet wéi all Owend den Déieren nach eng Geschicht virgelies. Ma d’Lizzie kann duerno net aschlofen. Soll se sech bei d’Bauerefra tässele goen oder vläicht bei d’Hénger ? Ma déi fannen dat guer net gutt . Um Enn ass d’Bett futti , den Héngerstall ramponéiert an d’Déiere sinn alleguer wakereg.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Steffensmeier Alexander
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Insomnie
Parution 2018
Support Livre
Editeur PersPektiv Editions

De Bréifdréier ass an d’Vakanz a schreift senge Frënn vun do eng Kaart. / „Ech wëll och an d’Vakanz“, denkt d’Lizzie, peekt hire Kuerf a mécht sech op de Wee, fir de Bus ze huelen. Ma wéi no Stonnen ëmmer nach kee Bus kënnt, trappt d’Lizzie enttäuscht erëm op Heem zou. No e puer Schrack entdeckt si dann awer déi perfekt Vakanzeplaz : eng grouss Wiss ! / Wat een hei net alles kann entdecken !

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Steffensmeier Alexander
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Vacances
Parution 2018
Support Livre
Editeur PersPektiv Editions

Alles Gutts fir de Gebuertsdag, Lizzie ! / D'Lizzie freet sech op hir Party. / Ma et ass esou roueg um Haff. Wou si se dann nëmmen all ? / D'Bauerefra huet kee Kuch gebak, am Gaart hänken och keng Loftballonen. / Muss d'Lizzie hire Gebuertsdag éiere ganz eleng ferieren ?

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Steffensmeier Alexander
Catégorie Littérature - Jeunesse
Sujet Social - Anniversaire
Parution 2017
Support Livre
Editeur PersPektiv Editions

Bei der Kou Lizzie ass ëmmer eppes lass. D’Erliefnesser vun der beléifter Postkou an hire Frënn elo mat breede Linnen a klore Forme fir ze fierwen. Esou gëtt d’Welt vum Lizzie richteg lieweg !

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Steffensmeier Alexander
Catégorie Littérature - Jeunesse
Parution 2018
Support Livre
Editeur PersPektiv Editions