Schadeck Léon

An dësem spannende Roman vum Léon Schadeck geet et ëm d’Ereegnesser aus dem Zweete Weltkrich zu Réimech. Mir begéine Resistenzler  Mënschen, déi sech mat Läif a Séil géint de Regime gewiert hunn an esou stännege Geforen ausgesat waren. Zugläich léiere mir Mënsche kennen, déi mat den Däitsche kollaboréiert hunn. Wat huet dës Mënsche motivéiert? E Roman, deen zum Nodenken ureegt.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Schadeck Léon
Parution 2019
Support Livre
Editeur Editions Saint-Paul

An dësem spannende Roman geet et ëm zwee Bouwen - deen ee guttmiddeg, deen anere bësswëlleg -, déi duerch eng gemeinsam Dot zu Äerzfeinde ginn. Liewensno an ergräifend beschreift den Auteur, wéi d'Schicksal säi Laf hëlt... D'Handlung vum Roman spillt kuerz nom Zweete Weltkrich an engem klenge lëtzebuergesche Muselstiedchen. Den Auteur beschreiwt, wéi op engem sonnegen, schoulfräien Nomëtteg d'Uertschaft ewéi ausgestuerwen ass, kee Mënsch ass op der Strooss, net emol en Hond. D'Loft schéngt onbeweeglech. Zwéi Bouwen am Alter vun eelef Joer sëtzen op der Caféstrap am Schiet vun engem Mauergiewel. Si sinn zwar gläich gekleet: héich Schong mat décken Neel, brong Strëmp bis un de Knéi, kuerz Box an e faarwegt Hiem, mee ausser hirem Gezei hu se näischt gemeinsam. Charakterlech wéi physesch si se grondverschidden. Also, der zwéin ewéi Dag an Nuecht. Se sinn zwar an derselwechter Klass, mä hate bis elo nach ni direkte Kontakt zoueneen. Trotzdem hu se sech dësem Nomëtteg zoufälleg zesummefonnt. Duerch eng gemeinsam Dot gi si zu Äerzfeinden...

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Schadeck Léon
Catégorie Littérature - Roman
Parution 2017
Support Livre
Editeur Editions Schortgen (anciennement Editions Saint-Paul)