Kayser Joseph

D’Geschicht spillt am Joer 1972. De Julien, 9 Joer, ass en zimlech intelligente Jong, deen esou munches a sengem Ëmfeld a Fro stellt. An d‘Vakanz war hien nach ni, well säi Papp ze knéckeg ass. Bis d‘Bomi der Famill eng Woch op der belscher Plage spendéiert. Géint Enn vun der Vakanz iwwerschléit sech op eemol alles an et muss séier gehandelt ginn. De passionéierte Schachspiller Julien fënnt sech um Enn an enger ganz staarker Positioun. Als gudde Strateeg weess en dat auszenotzen. / Den Auteur Joseph Kayser, Joergang 1964, konnt mat sengem éischte Buch, „Prinzessin Charlotte“ - Éditions Schortgen, schonn en éischte Succès verbuchen. No där eeschter an traureger Erzielung huet den Auteur elo méi eng lëschteg Geschicht verfaasst, och wann den Titel eppes anescht vermudde léisst. Well de roude Fuedem, deen sech duerch d‘Buch zitt, ëmmer nees mat Schach ze dinn huet, ass aus dem Joseph Kayser sengem neie Wierk „D‘Bomi ass dout“ eng Schachnovell entstanen.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Kayser Joseph
Catégorie Littérature - Nouvelle
Sujet Echecs
Parution 2018
Support Livre
Editeur Editions Schortgen

Firwat ass e Mënsch esou, wéi en ass? / Genen, Erzéiung, den Afloss vun de Matmënschen? / Beim Clement S. ass et dat alles. An ufangs och bestëmmt den Drang, géint verschidden Zwäng ze kämpfen. Seng Pedanterie an säin Haass, seng Onfäegkeet, Empathie ze empfannen an seng eegen Opfaassung vu Gerechtegkeet maachen, dass hien sech ëmmer méi isoléiert. Hie gëtt net eens mat Fraen, ze ville Mënschen an enke Raim a Leit, déi anescht sinn ewéi hien. De System awer weess sech ze wieren an auszesënneren, wat net gutt ass fir den eegene Betrib. Da fällt den éischte Schnéi ...

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Kayser Joseph
Parution 2018
Support Livre
Editeur Editions Schortgen

Dem Kommissär war de Kënn erofgefall. Eng Partie Kaart fi r eng Läich? Esou eppes war him a senger ganzer Karriär net ënnerkomm. A wien hat gewonnen? Wien an engem Bouneweger Bistro schafft, dee kritt esou muenches mat. De Sam erënnert sech absënns un de Karel, den Usch, de Mulles an de Poli an un dat, wat si alles gestëbst hunn …

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Kayser Joseph
Parution 2020
Support Livre
Editeur Kremart Edition

Den Arthur Schimberg ass Archivist an der Filial vun enger däitscher Bank. Wéi déi decidéiert, hire Site zu Lëtzebuerg zouzemaachen, muss hien all d’Dokumenter archivéieren, déi nach an de Këschten am Keller leien. Dobäi kënnt hien enger Rei Ongereimtheeten op d’Spuer. Verschidde Geheimdéngschter ginn op hien ugesat, fir erauszefannen, wou dat Kapital elo ass, dat am Zweete Weltkrich verschwonnen ass. Grad an deem Moment léiert den Arthur d’Marie kennen, där hiert Schicksal op eng onerwaart Manéier mat de Machenschafte vun där Bank verbonnen ass. Leider ass si stierweskrank, an den Arthur Schimberg muss schnell reagéieren, wann hien hir nach e leschten Déngscht wëll erweisen.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Kayser Joseph
Parution 2020
Support Livre
Editeur Editions Schortgen

De Fränz huet 12 Joer, wéi en am Hierscht 1976 an d’Stad an d’Schoul geet. De grousse Brudder ass schonn aus dem Haus, d’Schwëster schafft an ass seelen doheem. Am Elterenhaus leeft esou muenches dernieft an de Fränz plangt, heemlech fortzelafen, op Murmansk, eraus aus all deem, wat hien esou bedréckt. Ma ob dës Rees um Enn tatsächlech Realitéit gëtt? / D’„Prinzessin Charlotte” ass keng Prinzessin, ma dem Fränz seng Tatta, déi an der Psychiatrie gelant ass. Hir Geschicht gëtt parallel zur eigentlecher Handlung erzielt a steet stellvertriedend fir dat, wat am Fränz senger Famill net esou ass, wéi et soll sinn. /„Prinzessin Charlotte” ass staark gepräägt vum Auteur senger Kandheet zu Izeg, wéi vill anerer vu sengen Texter a senger Heemechtssprooch. De Joseph Kayser fillt sech och am Franséischen doheem, sou huet e fir den däitschen Designer Markus Erhart zwee Konschtbicher iwwer afrikanesch Masken op Franséisch iwwersat.“Prinzessin Charlotte“ ass säin éischt Wierk op Lëtzebuergesch, dat elo publizéiert gouf. Den Auteur lieft haut zu Koplescht, net wäit vun der Plaz ewech, déi nom Wöllem Weis, dem Auteur vum ‚Klautje vun Izeg‘, benannt ass. An hei schléisst sech de Krees zum Joseph Kayser senger Kandheet nees. / De Joseph Kayser ass 1964 zu Izeg op d’Welt komm, wou en och seng Kandheet a Jugend verbruecht huet. Als fräie Mataarbechter huet hien duerno fir d’Lëtzebuerger Press geschriwwen a fotograféiert. A sengem Beruff als Elektriker huet en nëmmen e puer Méint geschafft, 1984 huet e bei RTL ugefaangen. Am Mediebetrib ass en no enger Zäit och als Concepteur/Rédacteur vu Publicitéiten zum Asaz komm an ass nach haut als Radio-Stëmm fir Reklamme gefrot. Während där Zäit huet hien och d’Dréibuch „Äiskal” geschriwwen. / D’Illustratioune si vum Deborah Velazquez. D’lëtzebuergesch Artistin ass 1992 gebuer. Sie huet hire „Bachelor en illustration“ an der École supérieure des arts visuels Saint-Luc zu Bréissel gemaach. De Master krut d’Deborah Velazquez un der Accademia di Belle Arti di Bologna. Um Festival international de bande dessinée „Fumetto“ zu Luzern gewënnt si 2014 den éischte Präis.