De Joël Rollinger ass de 15. September 1985 zu Lëtzbuerg gebuer. Hien huet seng 13ème am Lycée technique des Arts et Métiers op der «Artistique»-Sektioun gemaach. No sengem Architekturstudium op der Fachhéichschoul zu Tréier huet hien ugefaangen als professionnelle Kënschtler ze schaffen.
WIERK
Säit senger Jugend huet de Joël sech fir Konscht interesséiert, besonneg d’«Urban Art» huet him et ugedoen. Lues a lues huet hie sech vum traditionelle Graffiti zur Wandmolerei orientéiert. Esou huet hie säi ganz eegene Stil entwéckelt, deen een och a senge Biller erëmfënnt. Si zeechne sech duerch verspillte Proportiounen, betounte Konturen a grouss a faarweg Flächen aus. D’Supporte vu senge Biller sinn dobäi ganz villsäiteg a reeche vun Toilen , iwwer Metall- an Holzplacke bis hin zu ganze Fassaden.
Dobäi kommen nieft Acryl- a Fassadefaarf och nach ëmmer Spraydousen zum Asaz.
Nieft sëllege Vernissagen, un deenen de Joël deelgeholl huet, huet hie sech virun allem mat der «Temporary Art Gallery» zu Luerenzweiler a mat der neier Gestaltung vun der Theaterplaz an der Stad e Numm an der Lëtzebuerger Konschtzeen gemaach.
Bilansgespréicher ass eng Sammlung vun Texter aus der Fieder vum Chris Warszta a Fränk Muno, an deem si dem Lëtzebuerger Alldag op den Zant fillen. Dobäi beliichte si eng ganz Rei vun typesche Situatiounen, déi deene meeschte vun eis net onbekannt wäerte virkommen. Mol méi kritesch an nodenklech, an da rëm sou déck opgedroen, datt en sech e Schmunzelen net verknäife kann, knäppe si sech vir, wat hei am Ländche sou leeft. Dobäi huelen si och mol sech selwer an déi jonk Generatioun op d’Schëpp. Sou ergëtt sech eng erfrëschend Mëschung aus méi batteren, awer och ganz lëschtege Situatiounen, déi op kleng a grouss Mëssstänn opmierksam maachen. / All Text gëtt vun enger Illustratioun am «Urban Art»-Stil completéiert, déi op authentesche Plazen zu Lëtzebuerg an Zeen gesat ginn ass. D’Duerstellunge reeche vu Wandmolereien iwwert opgekleistert Zeechnungen bis hin zu kënschtlereschen Installatiounen, déi de Joël Rollinger realiséiert an de Fränk Muno an enger Foto festgehalen huet, ier se nees iwwermoolt oder ewechgeholl si ginn. Esou hunn d’«Bilansgespréiche» och e bëssen d’Nues vun engem Kënschtlerkatalog kritt.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Rollinger Joël , Warszta Chris , Muno Fränk |
| Catégorie | Littérature |
| Parution | 2017 |
| Support | Livre |
| Editeur | Op der Lay |