De Fränk Muno ass den 18. September 1986 zu Lëtzebuerg gebuer. No senger 1ère am Lycée Robert Schuman huet hien e Bachelor-Diplom an der Geschicht («Cultures européennes») op der Uni Lëtzebuerg an der Leopold-Franzens-Universität Innsbruck gemaach. Duerno huet hie säi Studium mat engem Master-Diplom am Lëtzebuergeschen («Langues, cultures et médias») op der Uni Lëtzebuerg ofgeschloss.
Zënter 2014 gëtt hien als Enseignant am Lëtzebuergeschen Coursen am INL (Institut National des Langues).
WIERK
Scho fréi huet de Fränk sech fir de Film begeeschtert. Esou huet hien an de leschte Jore bei verschiddene Videoclip- («Alles Easis» - De Läb) a Filmproduktiounen («Nak Muay», «Filhos da Lua», «Extending the Play») matgewierkt.
Niewt senger Tätegkeet an der Filmwelt ass de Fränk zënter 2013 och am Domaine vun der Fotografie doheem. Mat senge Biller konnt hie schonn eng Partie Präisser op nationalem Plang gewannen (ë.a. Jugendkonschtpräis 2016, Sincitypics Nordstad 2016) an konnt sech iwwer international Nominéierungen (ë.a. Licher Fotopreis 2014, Blank Wall Gallery 2017) freeën.
Bilansgespréicher ass eng Sammlung vun Texter aus der Fieder vum Chris Warszta a Fränk Muno, an deem si dem Lëtzebuerger Alldag op den Zant fillen. Dobäi beliichte si eng ganz Rei vun typesche Situatiounen, déi deene meeschte vun eis net onbekannt wäerte virkommen. Mol méi kritesch an nodenklech, an da rëm sou déck opgedroen, datt en sech e Schmunzelen net verknäife kann, knäppe si sech vir, wat hei am Ländche sou leeft. Dobäi huelen si och mol sech selwer an déi jonk Generatioun op d’Schëpp. Sou ergëtt sech eng erfrëschend Mëschung aus méi batteren, awer och ganz lëschtege Situatiounen, déi op kleng a grouss Mëssstänn opmierksam maachen. / All Text gëtt vun enger Illustratioun am «Urban Art»-Stil completéiert, déi op authentesche Plazen zu Lëtzebuerg an Zeen gesat ginn ass. D’Duerstellunge reeche vu Wandmolereien iwwert opgekleistert Zeechnungen bis hin zu kënschtlereschen Installatiounen, déi de Joël Rollinger realiséiert an de Fränk Muno an enger Foto festgehalen huet, ier se nees iwwermoolt oder ewechgeholl si ginn. Esou hunn d’«Bilansgespréiche» och e bëssen d’Nues vun engem Kënschtlerkatalog kritt.
| Langue | Luxembourgeois |
|---|---|
| Auteurs | Rollinger Joël , Warszta Chris , Muno Fränk |
| Catégorie | Littérature |
| Parution | 2017 |
| Support | Livre |
| Editeur | Op der Lay |