Bonilla Rocio

Wéi e Fliger um Himmel ze fléien … de Luca war iwwerzeegt, datt hien dat enges Daags géif fäerdegbréngen. En huet sech all méiglech Flilleke gebastelt, huet esouguer dem Chrëschtkëndche geschriwwen. Ma näischt huet eppes gedéngt. Dunn awer huet seng Mamm him e Buch an de Grapp gedréckt a gesot, et kéint een och op eng aner Manéier fléien. An obschonns de Luca dat am Ufank net verstanen huet, huet et geklappt.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Bonilla Rocio
Parution 2020
Support Livre
Editeur PersPektiv Editions

D’Minnimoni moolt fir säi Liewe gär alles faarweg: rout Himmelsdéiercher, blo Päiperleken, giel Banannen … Ma bei enger Saach muss et iwwerleeën: Wéi eng Faarf huet nammol e Kuss? Rout wéi Spaghettiszooss? Nee, dat geet net, dat soll d’Faarf vun der Roserei sinn. Gréng wéi Krokodillen? Déi fënnt d’Minnimoni zwar schéin, ma Geméis ass och dacks gréng, an dat huet d’Minnimoni iwwerhaapt net gär! Wéi soll et nëmmen erausfannen, wéi eng Faarf e Kuss huet?

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Bonilla Rocio
Parution 2020
Support Livre
Editeur PersPektiv Editions