Gabriel Vanessa

"Aua, aua",jéimert d'Eilchen."Wat eng Plo. Ech hu Bobbo, do!" De Fuuss, d'Maus, d'Schlaang an de Bier wëllen d'Eilchen tréischten. Ob hinnen dat wuel geléngt? D’Texter reimen sech. En Treischtbichelchen fir di ganz Kleng ab 18 Méint.

Details

Dem Äsop seng Fabele ginn ugesinn als déi éischte Geschichte mat enger Moral, déi jeemools erzielt goufen. Oft portraitéiere se Déieren, déi sech wéi Mënsche behuelen. Déi Schwaach a Kleng trieden an Aktioun géint déi Grouss a Staark, ouni Angscht mussen ze hunn oder bestrooft ze ginn. Dem Äsop seng Seeërcher, déi eis zum Nodenke bréngen, weisen eis e wichtegen Deel vum mënschleche Liewen. An dësem Buch ginn aacht vum Äsop senge Fabelen erzielt. Illustratiounen op all Säit, wonnerschéint Billerbuch mat Stoffcover (gestanzt). Fir Kanner vun 3 bis 9 Joer. 93 Säiten.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Staudt Vanessa , Gabriel Vanessa , Woollard Elli
Parution 2020
Support Livre
Editeur Atelier Kannerbuch

D'Routkäppchen vun de Gebridder Grimm - Nei Serie: Klassesch Märercher - Biller: Natascha Rosenberg - Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel - D’Routkäppche geet mat Wäin a Kuch, bei seng Boma op Besuch. D’Mamm seet: „Pass op am Bësch a bleif um Wee, begéins du dem Wollef, so em Nee.“ D’Geschicht vum Routkäppchen am Reim erzielt. Mat Klappen a Schieber.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Staudt Vanessa , Gabriel Vanessa , Rosenberg Natascha
Parution 2021
Support Livre
Editeur Atelier Kannerbuch

De klenge Bier erwächt aus sengem Wanterschlof. Alles ass kal, eidel a wäiss … Hie fillt sech eleng an huet just e klenge Steen, fir ze spillen. De klenge Bier mécht sech op d’Sich no den Déieren, mee déi sinn all mam Fréijoer beschäftegt. “Wat ass d’Fréijoer?”, freet sech de klenge Bier. "D’Fréijoer mécht jidderee frou, awer ech fille mech net esou!" Bis en eng wonnerschéin Iwwerraschung erlieft … Eng Geschicht, zum Deel mat Reim, iwwer Frëndschaft an den Iwwergang vu Wanter op Fréijoer.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Gabriel Vanessa , Woollard Elli , May Smith Briony
Parution 2020
Support Livre
Editeur Atelier Kannerbuch

De Pip an de Schleek genéissen d'Rou am Gaart. D'Posy ass opgedréint a mécht nëmme Blödsinn. An dat mat vill Kaméidi. Wéi de Schleek sech an sengem Haus verstoppt wëll d'Posy him ze haart ass, geet et och dem Pip duer... Eng Geschicht iwwert d'Ënnerscheeder a firwat et gutt ass dass mer all verschidde sin. - Mat Pappbillerdeckelen.

Details

D'Posy geet bei de Pip spillen an iwwernuecht déi éischte Kéier bei him doheem. Wéi se sollen an d'Bett goen,, mierkt hatt, dass et säi Schmusefräschi Freddi doheem vergiess huet! Wéi soll et elo nëmme schlofe kënnen? De Pip probéiert alles, fir him ze hëllefen... - Mat Pappbillerdeckelen.

Details

Gebridder Grimm: Den Hänsel an d'Gréitchen - Nei Serie: Klassesch Märercher - Biller: Dan Taylor - Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel - E Knabberknusperhaischen aus Zocker, Liefkuch, Kamellen a Schockela, den Hänsel an d’Gréitchen trauen hiren Aen net – mee wien ass déi al Fra? - D’Geschicht am Reim erzielt. - Mat Klappen a Schieber.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Staudt Vanessa , Gabriel Vanessa , Taylor Dan
Parution 2022
Support Livre
Editeur Atelier Kannerbuch

Geschriwwen an illustréiert vum Sébastien Braun. Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel. Hëllef dem klengen Hues, alles ze fannen, wat e fir Paangecher ze maache brauch. Eng flott Geschicht mat Dierercher fir opzeklappen. Mat engem Uebstpaangech-Rezept.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Staudt Vanessa , Gabriel Vanessa , Braun Sebastien
Parution 2022
Support Livre
Editeur Atelier Kannerbuch

Geschriwwen vum Katja Reider. Illustréiert vum Sébastien Braun. Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel. Et ass Zäit fir de klengen Hues, an d’Bett ze goen. Do fält em an, dass en säi Petzi Schmusi nom Spillen dobausse vergiess huet. Zum Gléck hunn de Mound an d’Stäre gutt op en opgepasst – esou wéi d’Mamma an de Pappa och op hien oppassen. Elo kann de klengen Hues ganz berouegt schlofe goen. Eng berouegend Geschicht iwwert d’Schlofegoe. Fir kleng Huesen ab 1 Joer.

Details

O mei! De klenge Bier ass gefall. Zum Gléck kann de Pappa Bier esou gutt tréischten, dass en de Bobbo einfach ewechblose kann. A wéi de Pappa Bier sech Bobbo mécht, do weess de klenge Bier ganz genau, wat e maache muss, fir dass et dem Pappa geschwënn erëm besser geet. Eng duuss Geschicht, déi tréischt.

Details

De klenge Spatz ass opgereegt: Bei senger Mamma am Nascht läit en Ee! An do soll säi Geschwësterchen dra sinn? Enges Daags kennt de Puppelchen. Yuppi! Endlech zu véier! Eng Geschicht iwwert d'Waarden op de Puppelchen, fir Kanner ab 18 Méint.

Details

D‘Mamma Maus an déi kleng Maus maachen zesummen en Ausfluch. “Lauschter mol, wéi schéin d’Villercher haut sangen!” / „Méi schéin wéi ech?”, freet déi kleng Maus. „Natierlech net!”, laacht d’Mamma, „kee ka méi schéi sange weis du!” Eng Geschicht iwwert d'Gären hunn fir Kanner ab 18 Méint.

Details

De klengen Ouschterhues moolt fläisseg Ouschtereeër an organiséiert fir d’Déieren um Bauerenhaff e schéint Ouschterfest. Witzeg kleng Kucklächer an de Säite lueden op e spillerescht Entdecken an. Fir Kanner vun 1 bis 3 Joër. Text: Carla Häfner - Illustratiounen: Antje Flad - Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, 2021 - Pappbillerbuch mat Duerchkuckbiller.

Details

D’Himmelsdéierchen huet ni e Wuert gesot. Mee d’Himmelsdéierchen huet gesinn an d’Himmelsdéierchen huet héieren ... Wéi d’Himmelsdéierchen héieren hat, wéi zwee Déif – de mockelege Pier an de Schankemisch – plangen, d’Präiskou vum Bauer Jang ze klauen, do ass et un him, dem klengsten a rouegsten Déier vum Haff, déi zwee Abriecher ze stoppen ...

Details
Langue Luxembourgeois
Auteurs Donaldson Julia , Gabriel Vanessa
Parution 2020
Support Livre
Editeur Atelier Kannerbuch