Rübel Doris

Wéi ziels de vun eent bis zéng? Wat ass méi a wat ass manner? Wien ass Éischten a wien ass Zweeten? “Ech ka schonn zielen” ass eng flott Aféierung an dʼWelt vun den Zuelen, mat de passende Bezeechnungen op Lëtzebuergesch. D’Buch gehéiert zu der Rei “Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon”, déi am Original vu Ravensburger ass a vu Kremart iwwersat gouf. Se ass fir Kanner vun ongeféier 2 bis 4 Joer, mee och méi grousser hunn domat hir Freed. D’Serie vermëttelt deene jonke Lieser Wierder a Wëssen an dat op eng spilleresch Aart a Weis: • mat groussen an eendeitege Biller, • mat kuerzen an einfachen Texter, • mat e sëllege stabille Klappen, déi fir vill Liesfreed suergen.

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Rübel Doris
Parution 2021
Support Livre
Editeur Kremart Edition

Firwat bauen d’Villercher Näschter? Wou wunnt d’Kaweechelchen? Wie wunnt am Buedem? Deen neie Biller-Lexikon “Wou d’Déiere wunnen” vu Vivi Kremart ass en Ausfluch an d’Welt vun den Déieren, mat de passende Bezeechnungen op Lëtzebuergesch. E Biller-Lexikon fir Kanner vun ongeféier 2 bis 4 Joer, awer och méi grousser hunn nach vill Freed mat dëser Serie. “Wou d’Déiere wunnen” ass am Original bei Ravensburger erauskomm (Originaltitel: Wieso? Weshalb? Warum? junior: Wo die Tiere wohnen) a gouf vu Kremart op Lëtzebuergesch iwwersat. An dat op eng spilleresch Aart a Weis: • mat groussen an eendeitege Biller, • mat kuerzen an einfachen Texter, • mat e sëllege stabille Klappen, déi fir vill Liesfreed suergen. Wat eis Serie “Wat? Wéi? Wou? auszeechent: • Faarweg, praktesch, informativ • Kartongssäite mat villen Detailer fir opzeklappen • Mat bequeemer Spiralbindung

Details
Langue Luxembourgeois
Auteur Rübel Doris
Parution 2022
Support Livre
Editeur Kremart Edition