Warszta Chris

De Chris Warszta ass den 18. Juni 1987 an der Stad gebuer. No senger 1ère am Lycée Robert Schuman huet hie säi Schoulmeeschter-Diplom fir d’Primärschoul op der Haute Ecole Blaise Pascal zu Baaschtnech gemaach.

Zënter 2010 ass hien Enseignant an der Grondschoul zu Tandel.

WIERK

Nieft senger Leidenschaft fir d’Musek, där hien zënter iwwert 20 Joer nogeet, huet de Chris an de leschte Joren u verschiddene Cabaretsproduktiounen als Schauspiller an Textschreiwer deelgeholl.

Bilansgespréicher ass eng Sammlung vun Texter aus der Fieder vum Chris Warszta a Fränk Muno, an deem si dem Lëtzebuerger Alldag op den Zant fillen. Dobäi beliichte si eng ganz Rei vun typesche Situatiounen, déi deene meeschte vun eis net onbekannt wäerte virkommen. Mol méi kritesch an nodenklech, an da rëm sou déck opgedroen, datt en sech e Schmunzelen net verknäife kann, knäppe si sech vir, wat hei am Ländche sou leeft. Dobäi huelen si och mol sech selwer an déi jonk Generatioun op d’Schëpp. Sou ergëtt sech eng erfrëschend Mëschung aus méi batteren, awer och ganz lëschtege Situatiounen, déi op kleng a grouss Mëssstänn opmierksam maachen. / All Text gëtt vun enger Illustratioun am «Urban Art»-Stil completéiert, déi op authentesche Plazen zu Lëtzebuerg an Zeen gesat ginn ass. D’Duerstellunge reeche vu Wandmolereien iwwert opgekleistert Zeechnungen bis hin zu kënschtlereschen Installatiounen, déi de Joël Rollinger realiséiert an de Fränk Muno an enger Foto festgehalen huet, ier se nees iwwermoolt oder ewechgeholl si ginn. Esou hunn d’«Bilansgespréiche» och e bëssen d’Nues vun engem Kënschtlerkatalog kritt.

Details
Sprache Luxemburgisch
Autoren Rollinger Joël , Warszta Chris , Muno Fränk
Kategorie Literatur
Parution 2017
Medium Buch
Verleger Op der Lay