„Mat dësem apaarte Choix vun 123 Adjektiven, Adverben, Interjektiounen, Substantiven a Verbe beweist den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch eng gutt Händche fir eis Sprooch, déi vill méi räich ass, wéi een dacks mengt.“ Dat schreift den Educatiounsminister Claude Meisch a sengem Virwuert zu „Aläert, jauwen, Zockerboun“, wéi den éischte Band vun der neier ZLS-Kollektioun „Lëtzebuerger Wuertschatz“ heescht. „Zesummen de Räichtum vun eiser Sprooch erhalen“, esou kann een d’Haaptziel vun der neier Serie resuméieren. Eng Partie sougenannt „al Wierder“ si vläicht ville Leit net méi sou geleefeg, ma si maachen de Räichtum vun eiser Sprooch aus a gehéieren zum Patrimoine vun eisem Land. Dës Bicher gräifen op eng flott Aart a Weis al Wierder an typesch Ausdréck op an erklären se. Muencher eng kennt een, anerer begéint ee vläicht fir d’éischt. E sëllege Wierder goufen dem Zenter duerch d’Aktioun #Wonschwuert proposéiert. Dobäi waren d’Leit gefrot ginn, wéi eng Wierder hinne besonnesch gutt gefalen. E puer honnert Proposen hat den Zenter iwwer dee Wee gesammelt, e sëllegen dovu sinn am neie Buch ze fannen. Op eng faarweg an erfrëschend Aart a Weis ginn am éischte Band nämlech 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. Se stamen all aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire, verloossen awer hei hire strengen Dictionnaireskader, fir vun der Grafikerin Laurence Dostert ganz spilleresch an ouni Beréierungsängscht an Zeen gesat ze ginn. E richtege Schatz! 12 Bicher sinn an dëser Serie geplangt an am zweete Band (2021) ginn eng 100 Spréchwierder an Ausdréck, Redewendungen a Riedensaarte gewisen an erkläert.

10.00 €

Die MwSt ist in allen Preisen inbegriffen

Auf Lager

Einzelheiten
Autor Auteurs multiples
Verleger Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch - ZLS
Internetseite https://portal.education.lu/zls
Thema Sprachen
Unterthema Luxemburgisch
Aspekt Orthographie
Sprache Luxemburgisch
Veröffentlichung2020
OrtLuxembourg
Medium Buch
Format15 x 21,5 cm - Hardcover
Volumen96 pages
ISBN 139782919964413
Buch9.71 € ( 10.00 €)
Auflage2e édition
Rechte
Urheberrechte Menge Empfänger Tarif Indizierung? Preis oMwSt Preis MSti Korb
Digitalisierung - Intra/extra/internet Dieses Recht kann nicht über LORD lizenziert werden. Bitte wenden Sie sich an den Rechteinhaber.
Photocopie - sw 0.069 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photocopie - farbig 0.137 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Ausleihe 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Übersetzung Dieses Recht kann nicht über LORD lizenziert werden. Bitte wenden Sie sich an den Rechteinhaber.
Teilen
Strichcode