30.00 €
Auf LagerD'Waarden huet en Enn, de „Schlësselroman“ zu de Bommenattentater aus den 1980er-Joren (Wikipedia) ass erëm do: Kremart huet de „Bommenteppech“ vum Josy Braun aus dem Joer 2004 iwwerschafft a bréngt en elo nei raus an enger Ausgab mat maximalem Lies-Confort ... Hierscht 1984: Op der Éisleker Scheedhéicht flitt e Juegdchalet an d’Luucht. Geschwënn duerno gëtt en Hobby-Detektiv aus der Scheedhéichter „Résidence Lorblumm“ vermësst. Wat d’Land nach net weess: Et ass den Optakt fir eng ganz Serie vu Sprengstoff-Uschléi. Am Ufank gesäit et esou aus, wéi wann eng vun de liewenswichtegsten Institutioune vun der nationaler Economie soll getraff ginn: d’„Cancoillottes Ardennaises“. No an no sinn sech Regierung, Chamber, Justiz, Sûreté a Service de renseignement awer net méi sou sécher.Do gëtt et Iwwerfäll op Banken a Polverdepoten; do gëtt Léisegeld an Enveloppen an a Wallissen transportéiert, dat ni ukënnt; do platzt iwwerdeems de Poopst mat der Gëlle Fra an den Troublement; do zirkuléieren op eemol Nimm uechtert Stad a Land. De Kommissär Marius Gallo kniwwelt un engem éischte Rapport. Hie kritt der op d’Pouten, bréngt en zweete Rapport un de Mann … awer laanscht den hierarcheschen Déngschtwee. D’Land verschwënnt ënner engem Bommenteppech, an – wien hätt dat geduecht? – ënnert dem Teppech verschwannen d’Bommen. Nom posthume Krimi „Armagnac“ am Joer 2013 ass „Bommenteppech“ dat zweet Buch vum Josy Braun (1938-2012), dat bei Kremart Edition erauskënnt. D'Titelbild as vum Josée Klincker.
30.00 €
Auf LagerDie MwSt ist in allen Preisen inbegriffen
Auf Lager
Zum Warenkorb hinzufügen
| Autor | Braun Josy |
|---|---|
| Verleger | Kremart Edition |
| Internetseite | http://www.kremart.lu |
| Thema | Literatur |
| Unterthema | Roman |
| Sprache | Luxemburgisch |
| Veröffentlichung | 2014 |
| Ort | Luxembourg |
| Medium | Buch |
| Volumen | 416 pages |
| ISBN | 978-99959-39-05-2 |
| ISBN 10 | 9995939053 |
| ISBN 13 | 9789995939052 |
| Buch | 29.13 € ( 30.00 €) |
| Auflage | 2 |
| Urheberrechte | Menge | Empfänger | Tarif | Indizierung? | Preis oMwSt | Preis MSti | Korb | |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Digitalisierung - Intra/extra/internet | Dieses Recht kann nicht über LORD lizenziert werden. Bitte wenden Sie sich an den Rechteinhaber. | |||||||
| Photocopie - sw | 0.0838 € | {{ copyBWExVat}} € | {{ copyBWVat}} € | |||||
| Photocopie - farbig | 0.1676 € | {{ copyColorExVat}} € | {{ copyColorVat}} € | |||||
| Ausleihe | 2 € | {{ loanExVat}} € | {{ loanVat}} € | |||||
| Übersetzung | Dieses Recht kann nicht über LORD lizenziert werden. Bitte wenden Sie sich an den Rechteinhaber. | |||||||