Literatur - Märchen

De Lewis Carroll (mam richtegen Numm Charles Lutwidge Dodgson) (1832-1898) war Unisprof fir Mathematik zu Oxford. Hie war zwar Jonggesell an hat selwer keng Kanner, huet awer immens gär Geschichte fir d'Kanner vu senge Kolleegen verzielt. Eng vun deene Geschichten – fir d'Alice Liddell – huet hien 1865 ënnert dem Numm «Alice in Wonderland» publizéiert an domat de moderne Genre vun der Kanner-Fantasy-Literatur erfonnt. Op engem waarme Summerdag gëtt d'Alice op der Bänk niewent senger eelerer Schwëster, déi e Buch liest, ganz schléifreg. Do kënnt e wäisst Kanéngche laanscht, wat seet, datt et ze spéid kéim an dobäi op seng Täschenauer kuckt. Sou eppes gesäit ee jo net all Dag an d'Alice gëtt virwëtzeg a geet dem Kanéngchen no, wou et ëmmer méi déiw duerch e Schacht eroftrëllt, bis et an engem Sall mat villen zouenen Dieren ass. Wat alles am Wonnerland passéiert, wou et awer eng ganz Parti wonnerbar a verwonnerlech Déieren a Persoune kenneléiert, muss ee scho selwer liesen. Den Henry Wickens huet et wonnerbar fäerdegbruecht, erëm ee vun den englesche Kannerbuchklassiker an d'Lëtzebuergescht ze iwwerdroen, wat bei deene ville logeschen an onlogesche Wuertspillereien natierlech eng richteg Erausfuerderung war. Fir d'Editions Op der Lay huet hie scho mat groussem Succès d'Kanner-Klassiker «Winnie The Pooh» (Winni-Pu, 2000) an «The House at Pooh Corner» (D'Haus um Pu-Eck) vum A. A. Milne an «The Hobbit» (Den Hobbit, 2002) vum J.R.R. Tolkien op Lëtzebuergesch iwwersat.

19.90 €

Die MwSt ist in allen Preisen inbegriffen

Auf Lager

Einzelheiten
Autoren Carroll Lewis Wickens Henry Meyer Carole
Verleger Op der Lay
Internetseite http://www.opderlay.lu
Thema Literatur
Unterthema Märchen
Sprache Luxemburgisch
Veröffentlichung2015
OrtEhlerange
Medium Buch
Format210 x 210 mm
Volumen144 pages
ISBN978-2-87967-203-8
ISBN 102879672031
ISBN 139782879672038
Buch19.32 € ( 19.90 €)
Auflage1
Rechte
Urheberrechte Menge Empfänger Tarif Indizierung? Preis oMwSt Preis MSti Korb
Digitalisierung - Intra/extra/internet Dieses Recht kann nicht über LORD lizenziert werden. Bitte wenden Sie sich an den Rechteinhaber.
Photocopie - sw 0.1982 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photocopie - farbig 0.3964 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Ausleihe 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Übersetzung Dieses Recht kann nicht über LORD lizenziert werden. Bitte wenden Sie sich an den Rechteinhaber.
Teilen
Strichcode