19.95 €
Auf LagerDësen neie Roman vum Jhemp Hoscheit spillt tëschent Mäerz a Juni 2020. Corona a Confinement, friemgoen a friemschreiwen, Prosa a Poesie. D’Mamm, Salariée bei enger Assurancë-Gesellschaft, huet niewent dem Homeoffice nach Zäit, sech an Ersatzwelten an a Serien ze flüchten. Besonnesch d’Erënnerung un hir Affär ass fir d’Manon Gelser wéi bestännege Kappkino. Si weess net, ob de Réckzuch an dat rengt Privat d’Verheemleche méi einfach mécht. De Papp ass am Homewriting. Mee dat ass de Schrëftsteller Laurent Gelser am Fong ëmmer. E stécht zurzäit an enger Romanfiktioun, an där e Vertrauensbroch eng Bezéiung zerstéiert. Wat wär, wa sech eng änlech Situatioun a säi Liewe géif aschläichen? Gespréicher mat engem Virusleegner, deen de Laurent an e Verschwörungsnarrativ verwéckelt, si keng wierklech Oflenkung. Dofir verschaaft d’Schreiwe vu Gedichter him e bëssche Loft. D’Lena, hir Teenager-Duechter, weess net vill mat sech unzefänken. E radikalen Handyverbuet wär fir hatt net auszehalen. Besonnesch net an dëser Zäit, wou d’Ofwiesslunge rar sinn. D’Diskussiounen doriwwer stéieren den Hausfridden, dee grad elo sou wichteg wär. Jidderee vun der Famill Gelser probéiert op seng Manéier, mat der intensiver Zäit vum éischte Confinement ëmzegoen. Tëschent den Zeilen ass de sechste Roman vum Jhemp Hoscheit an déi 13. Publikatioun an der Serie Kremart Kanephora vu Kremart Edition.
19.95 €
Auf LagerDie MwSt ist in allen Preisen inbegriffen
Auf Lager
Zum Warenkorb hinzufügen
Autor | Hoscheit Jhemp |
---|---|
Verleger | Kremart Edition |
Internetseite | http://www.kremart.lu |
Thema | Literatur |
Unterthema | Roman |
Sprache | Luxemburgisch |
Veröffentlichung | 2022 |
Ort | Luxembourg |
Medium | Buch |
Format | Hardcover - 15 x 22 cm |
Volumen | 295 pages |
ISBN 13 | 9789995939533 |
Buch | 19.37 € ( 19.95 €) |
Auflage | 1re édition |
Urheberrechte | Menge | Empfänger | Tarif | Indizierung? | Preis oMwSt | Preis MSti | Korb | |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Digitalisierung - Intra/extra/internet | Dieses Recht kann nicht über LORD lizenziert werden. Bitte wenden Sie sich an den Rechteinhaber. | |||||||
Photocopie - sw | 0.084 € | {{ copyBWExVat}} € | {{ copyBWVat}} € | |||||
Photocopie - farbig | 0.168 € | {{ copyColorExVat}} € | {{ copyColorVat}} € | |||||
Ausleihe | 2 € | {{ loanExVat}} € | {{ loanVat}} € | |||||
Übersetzung | Dieses Recht kann nicht über LORD lizenziert werden. Bitte wenden Sie sich an den Rechteinhaber. |