Dräimol zwou Geschichte vereent dës Kollaboratioun tëschent dem Auteur Samuel Hamen an dem Zeechner Marc Angel. Et si Geschichte vum Opwuessen zu Lëtzebuerg an den Nonzeger a fréien Zweedausenderjoren, déi op där enger Säit vum Samuel Hamen a Prosaform presentéiert an op där anerer Säit vum Marc Angel als Comic interpretéiert ginn. Bal, Elo an Djö nennen sech déi dräi Erzielungen, an deenen Erënnerungen un Erliefnisser beschriwwe ginn, déi zum Deel ganz perséinlech sinn an zum Deel vun enger ganzer Generatioun gedeelt ginn. Vun der Kandheet bis an de jonken Erwuessenenalter begleet de Lieser de Personnage duerch säi Liewen. Hie ka sech net entscheeden, ob en Noriichten iwwert 9/11 oder MTV kucke soll, kuckt no, wéi de Georges Christen lëtzebuergesch Bicher zerrappt, an erfënnt mam komesche Jong aus der Klass nei Kontinenter op der Schoulbänk. Den Auteur verschafft an Zeeechen seng Kandheet a Jugend op eng literaresch Manéier, mee wat dovunner ass wierklech real a wat huet sech de jugendleche Geescht zesummegereimt a bis zur Onkenntlechkeet am erwuessene Kapp weidergesponnen? Am Zesummespill mam Marc Angel senge grafesche Geschichten erëffne sech komplett nei Perspektiven op dës Froen. Seng Tuschzeechnunge verwandelen d’Geschichten a surreal Aventuren, an deenen aus klengen Detailer ganz Welten entstinn an eng ganz eegen Approchezu Figuren, Plazen a Motiven ze erkennen ass.

Ce produit n'est actuellement pas disponible sur LORD.LU. Pour plus d'informations, veuillez téléphoner au (+352) 26 68 35 76 ou envoyer un email.
Details
Authors Angel Marc Hamen Samuel
Publisher Editions Guy Binsfeld
Web site http://www.editionsguybinsfeld.lu
Topic Litterature
Language Luxembourgish
Release2019
PlaceLuxembourg
Media Book
Format190 x 250 mm
Volume80 pages
ISBN 139789995942564
Book23.30 € ( 24.00 €)
Edition1re édition
Rights
Copyrights Quantity Addressee(s) Tariff Indexation? Price vate Price vati Basket
Scanning intra/extra/internet This right is not available at LORD. Please contact the rightsholder.
Photocopy bw 0.084 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photocopy color 0.168 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Loan 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Translation This right is not available at LORD. Please contact the rightsholder.
Share
Bar codes