Hoscheit Jhemp

Jhemp Hoscheit, né en 1951 à Esch-sur-Alzette où il vit. Il écrit des textes satiriques, des pièces de théâtre, des romans et surtout des histoires et des poèmes pour enfants, en luxembourgeois. Depuis 1983, il a publié 24 livres, dont 10 livres pour enfants. En 1999, son premier roman – "Perl oder Pica" (Editions Schortgen) – a eu le prix Servais pour le meilleur livre publié au Luxembourg en cette année. En 2005, Pol Cruchten, le réalisateur luxembourgeois, en a fait un film, d'après le scénario de Viviane Thill. Le film, qui a connu un franc succès dans les cinémas au Luxembourg, a eu le "prix du public" lors du 3e Lëtzebuerger Filmpräis en 2007. Son fils Ben Hoscheit y tient le rôle principal. En 2006, Jhemp Hoscheit publie son 2e roman: "Aacht Deeg an der Woch" (Editions Guy Binsfeld. Prix du livre en 2006). Puis, en 2010, a été publié le roman "Mondelia" (Editions Guy Binsfeld) qui a reçu le prix du livre en 2011. Son 4e roman "Klangfaarwen", pour lequel il a eu le 3e prix lors du prix littéraire national en 2010, a été publié en 2012 (Editions Guy Binsfeld). Le livre pour enfants "Den Eppes" (Editions Guy Binsfeld, 2013; illustrations de Dorota Wünsch) a reçu le prix du livre et le prix spécial du jury en 2014 dans la catégorie Littérature d'enfance et de jeunesse. Sa dernière publication est un livre en français pour les adolescents: "L'imagination" (Editions Guy Binsfeld & FGIL, 2015). Jhemp Hoscheit est collaborateur de nombreux journaux et magazines. Ses textes sont publiés dans de nombreuses anthologies. Il écrit des textes satiriques pour la troupe de cabaret "Cabarenert". A plusieurs reprises il a été lauréat lors du Concours littéraire national au Luxembourg. (Photo: Paolo Leoni © CNL)

Avec les contributions de 32 auteurs : Jean Back, Ulrike Bail, Raoul Biltgen, Ian De Toffoli, Anja Di Bartolomeo, Tullio Forgiarini, Pol Greisch, Gast Groeber, Samuel Hamen, Roland Harsch, Guy Helminger, Nico Helminger, Jhemp Hoscheit, Pierre Joris, Francis Kirps, Rafael David Kohn, Anise Koltz, Anna Leader, Carla Lucarelli, Roland Meyer, Tom Nisse, Gilles Ortlieb, Antoine Pohu, Jean Portante, Nathalie Ronvaux, Jeff Schinker, Lambert Schlechter, Elise Schmit, Jean Sorrente, Margret Steckel, Hélène Tyrtoff & Nora Wagener. En 2019, le photographe Philippe Matsas partit à la rencontre de 32 auteur(e)s qui lui ouvrirent leurs univers. Le Centre national de littérature (Luxembourg) demanda à ces mêmes auteur(e)s de livrer un ‹ agenda littéraire ›, compte rendu de leur travail et de leur quotidien d’écrivain durant le mois d’octobre de la même année. 19 10 PM recueille ces points de vue et croisements. / « Ce qu’on aimerait savoir c’est non pas précisément où, quand, comment les écrivains écrivent, leur histoire et leurs goûts, mais deviner l’endroit intime à partir duquel les mots s’activent. » (Philippe Matsas) / « 19 10 PM s’est construit autour des principes de la rencontre et du rendez-vous, embrassant tout à la fois hasard et préméditation. » (Ludivine Jehin & Claude D. Conter)

Dës nei Kannergeschicht vum Jhemp Hoscheit mat faarwegen Illustratioune vum Carlo Schneider ass eng richteg Abenteuergeschicht mat iwwerraschende Momenter, engem spannenden Opbau, witzegen Dialoger a Sproochspiller. Zwee Bëschhuese fannen no engem Stuerm en décke Steen, deen an enger Kaul läit an awer molsou guer net an d’Minettgéigend passt. De Lappi an d’Malla trauen hiren Aen net. D’Déieren am Bësch sinn all virwëtzeg a buddelen de Steen aus dem Buedem aus. Mee do geschitt eppes, wat net stengeméiglech ass: E fänkt un ze schwibbelen, ze schwubbelen an ze schwabbelen. An ee Gesiicht kritt en och nach. Et ass wéi wann e schmunzele kéint. Dofir nennen d’Déieren hien: De Schmunzel. Esou eng Entdeckung suergt natierlech fir eng grouss Opreegung. Wëssenschaftler sinn um ko(s)mesche Steen intresséiert a wëllen e mathuelen, fir en z’ënnersichen … Mee léisst de Schmunzel sech dat gefalen? E weist op eemol, datt e méi kann, wéi nëmme schmunzelen. D’Déieren entdecken ee fir si onbekannt a friemt Wiesen – e Meteorit am Bësch – a wëllen dat kenneléieren an erfuerschen. Doduerch entsti besonnesch ko(s)mesch Interaktiounen tëscht demMeteorit an den Déieren. A wann dann och nach d’Mënschen – de Fierschter, de Bëschaarbechter, den Astrophysiker a seng Assistenten – sech amëschen an um Meteorit interesséiert sinn, da kann ee sech nëmme froen, wat een alles an dëser Geschicht erliewe wäert … Duerch déi aktuell Referenzen zum Weltall, dem Space mining, den Emojis an der Astrophysik kritt d’Geschicht eng zousätzlech Dimensioun. An de Schmunzel kritt duerch seng Smileyen – vum Fäerti, Häppi, Granzi, Blödi, bis zum Motzi – e besonnesche Charakter an eng eege Séil … a wäert Grouss a Kleng schmunzelen doen.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Hoscheit Jhemp , Schneider Carlo
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Astronomie
Parution 2018
Medium Buch
Editeur Editions Guy Binsfeld

„Den Eppes” ist die Geschichte eines kleinen Spielroboters, der auf einer Müllhalde landet, weil sich niemand mehr mit diesem „alten Spielzeug” beschäftigen will. Traurig, nutzlos und kaputt liegt er auf der Wiese, bis er von den lustigen Feldmäusen Surri und Ulma gefunden wird. Sie schleppen ihn nachhause, wo er mit ein paar alten Batterien wieder zum Leben erweckt wird. Die drei Freunde erleben die tollsten Abenteuer und der Spielroboter „Den Eppes” rettet Surri und Ulma das Leben.Der bekannte und beliebte luxemburgische Autor Jhemp Hoscheit schreibt in dieser spannenden Geschichte nicht nur über Freundschaft und gefährliche Abenteuer, er thematisiert auch für Kinder verständlich und anschaulich aktuelle Umweltprobleme unserer „Konsum- und Wegwerfgesellschaft”. Muss man altes Spielzeug immer gleich entsorgen? Sind denn Fantasie und Kreativität beim Spielen nicht viel lustiger als neue Spielsachen? Und was ist eigentlich eine Müllhalde?Mit den Bildern der international renommierten Kinderbuchillustratorin Dorota Wünsch werden den „Eppes“ und die beiden Feldmäuse lebendig.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Hoscheit Jhemp , Wünsch Dorota
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Robot
Parution 2013
Medium Buch
Editeur Editions Guy Binsfeld

Op watfireng Manéier an a watfirengem Style géife Politiker a Schrëftsteller een Thema, d’Ënn an d’Kräischen, behandelen ? A verschidde literaresche Formen (Theater, Prosa, Lyrik, Cabaret, Konkret Poesie) kënnt déi national Actualitéit ënner de satiresche Knäipchen. 70 Parodien a Pastichen an dräi Sproochen aus der Welt vun der Wirtschaft, der Politik, der Wëssenschaft an der Kultur zu Lëtzebuerg.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Hoscheit Jhemp
Kategorie Literatur
Sujet A-Z
Medium Buch
Editeur Editions Schortgen

Lustige Reime von Katzen, Mäusen, Spinnen, kleinen Monstern, einem Zebra, einem Tausendfüßler und noch vielen anderen Tieren finden sich auf dem „Lauschterbichelchen” von Jhemp Hoscheit. Die ins Ohr gehenden Reime und die mitreißende Musik für Kinder machen das Hörbuch„Komm, lies mer vir!” einzigartig . Der bekannte und beliebte Jhemp Hoscheit liest seine 18 fesselnden Geschichten selbst vor.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Hoscheit Jhemp
Kategorie Literatur - Jugend
Parution 2013
Medium Livre + Audio
Editeur Editions Guy Binsfeld

Lustige Reime von Katzen, Mäusen, Spinnen, kleinen Monstern, einem Zebra, einem Tausendfüßler und noch vielen anderen Tieren finden sich auf dem „Lauschterbichelchen” von Jhemp Hoscheit. Die ins Ohr gehenden Reime und die mitreißende Musik für Kinder machen das Hörbuch„Komm, lies mer vir!” einzigartig . Der bekannte und beliebte Jhemp Hoscheit liest seine 18 fesselnden Geschichten selbst vor. Die Musik wurde von Heng Kleren und Robi Arend komponiert.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Hoscheit Jhemp
Kategorie Literatur - Jugend
Parution 2013
Medium Livre + Audio
Editeur Editions Guy Binsfeld

Marie-Rose, 12 ans, a un don particulier. Elle a beaucoup d’imagination. Cela ne la rend pas très différente des autres, car tout le monde possède de l’imagination. Mais elle sait profiter de la sienne au bon moment. En plus, elle aime jouer avec les mots, entrer dans des mondes imaginaires et magiques et surtout écrire des histoires. Selon elle, les meilleures idées sont cachées au fond du cerveau. Parfois l’imagination dort, mais on peut la réveiller. Elle partage ses soucis avec son meilleur copain Alain. Sa grand-mère, elle aussi, écrivait des histoires quand elle était une jeune fille. Elle lui montre les carnets qu’elle a écrits. Son rêve de devenir écrivain ne s’est malheureusement pas réalisé. Sa grand-mère aime parler de son passé, car, pour elle, les souvenirs sont des médicaments contre l’oubli. Un jour, Marie-Rose fait la connaissance d'une femme mystérieuse qui semble garder un secret. Cette femme invite Marie-Rose chez elle. Marie-Rose doit lui lire des histoires inventées et soudain, elle 'entre' dans une histoire réelle … L’Imagination, de Jhemp Hoscheit est une belle histoire destinée à éveiller les lecteurs à partir de l’âge de 11 ans à la littérature. Édité en collaboration avec la Fédération Générale des Instituteurs Luxembourgeois (FGIL), ce roman, rédigé en français, présente des notes de bas de page qui définissent certains termes de vocabulaire tout en donnant leur traduction en luxembourgeois.

Details
Sprooch Franséisch
Auteur Hoscheit Jhemp
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Imagination
Parution 2015
Medium Buch
Editeur Editions Guy Binsfeld

De Jhemp Hoscheit huet nees seng satiresch Fieder gezéckt an alles, wat d’lescht Joer iwwer geschitt ass, kritesch ënnert d’Lupp geholl. Sief et d’Affär tëscht Salvini an Asselburn, tëscht Putin an Trump, den Aktiounsplang fir d’Lëtzebuergescht oder alldeeglech Nooriichten, alles gëtt an dësem Réckbléck thematiséiert. D’Opféierunge vun dësem Cabaret mam Auteur selwer, begleet de Julien Arpetti a suergt fir déi musikalesch Pointen. Fir all déi, déi dëse Spektakel verpasst hunn, oder nach eng Kéier nei opliewe wëlle loossen, gëtt et de Programm lo och als Buch.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Hoscheit Jhemp
Parution 2019
Medium Buch
Editeur Editions Guy Binsfeld

Kuerz nodeems d’Marie Delken beim Här Grimmler op Besuch war, gëtt hatt entfouert. D’Kidnapper froe Léisegeld vum Marie sengem Papp, dem Chef d’Agence vun der Luxbank. Den Här Delken wëllt d’Polizei net aweien, fir d’Liewe vum Marie net op d’Spill ze setzen. Den Här Grimmler ass e grousse Planzefrënd an en Hobby-Botaniker. Eng vu sengen Zëmmerplanzen, d’Mondelia, ass Zeie vun der Entféirung ginn. Si entwéckelt am Laf vun der Zäit aussergewéinlech Fähegkeeten. Et schéngt, wéi wann d’Mondelia op eng ganz besonnesch Manéier bei der Sichaktion hëllefen an sech lues a lues als intelligent Detektivin erausstelle kéint. Déi kriminalistesch Enquête kritt Dimensiounen, wéi een sech s’an engem gewéinleche Krimi bis zum Schluss net erwaart hätt.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Hoscheit Jhemp
Kategorie Literatur - Kriminalroman
Sujet Enlèvement
Parution 2010
Medium Buch
Editeur Editions Guy Binsfeld

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Hoscheit Jhemp , Staudt Vanessa
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Animaux
Parution 2008
Medium Buch
Editeur Editions Guy Binsfeld

"Perl oder Pica" beschreift eng Lëtzebuerger Kandheet am Joer 1963. Et geet ëm d'Sich no Frëndschaft an der Wourecht, aus der naiver a witzeger Siicht vun engem Bouf. "Perl oder Pica" ass dem Jhemp Hoscheit säin 1. Roman a krut den 3. Präis beim nationale Literaturconcours 1997, den Servais-Präis fir dat bescht Buch 1999 an 2007 um 3. Lëtzebuerger Filmpräis de "Prix du Public". 2008 koum de Film ënnert dem Titel "Kleine Geheimnisse" an déi däitsch an éisträichesch Kinoen. 2009 ass de Film ënnert dem Titel "Petits secrets" a Frankräich gelaf.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Hoscheit Jhemp
Kategorie Literatur - Roman
Sujet Histoire - 20e siècle - Années 60
Parution 1998
Medium Buch
Editeur Editions Schortgen

Das erste luxemburgisch geschriebene Ebook! Bestsellerroman von Jhemp Hoscheit. "Perl oder Pica" beschreift eng Lëtzebuerger Kandheet am Joer 1963. Et geet ëm d'Sich no Frëndschaft an der Wourecht, aus der naiver a witzeger Siicht vun engem Bouf. "Perl oder Pica" ass dem Jhemp Hoscheit säin 1. Roman a krut den 3. Präis beim nationale Literaturconcours 1997, den Servais-Präis fir dat bescht Buch 1999 an 2007 um 3. Lëtzebuerger Filmpräis de "Prix du Public". 2008 koum de Film ënnert dem Titel "Kleine Geheimnisse" an déi däitsch an éisträichesch Kinoen. 2009 ass de Film ënnert dem Titel "Petits secrets" a Frankräich gelaf.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Hoscheit Jhemp
Kategorie Literatur - Roman
Sujet Histoire - 20e siècle - Années 60
Parution 2010
Medium Ebook
Editeur Editions Schortgen

1963 huet den Norbi, e Bouf vun zwielef Joer, keng grouss Wiel. Et ass bal alles verbueden an iwwert déi meeschte Saache schwätzt een net. Et ginn déi Gutt oder déi Béis, déi Schwaarz oder déi Rout, den Himmel oder d‘Häll, Perl oder Pica, wéi d‘Schrëfttypë vun de Schreifmaschinnen, déi de Papp a sengem Buttek verkeeft. Den Norbi fënnt am Agenda vu sengem Papp a regelméissegen Ofstänn e Buschtaf, de P. Dëse P stellt hie virun e grousst Rätsel. De Krich ass scho laang eriwwer, awer e geeschtert nach an de Käpp vun de Leit. E Besuch am Monument aux Morts mat der Schoulklass ass wéi e Schock. A wann de P da fir Preis stéing? Fir e Gielemännchen? / Perl oder Pica beschreift eng lëtzebuergesch Kandheet zu Esch-Uelzecht. Et geet ëm d‘Sich no der Frëndschaft an der Wourecht, aus der naiver a witzeger Siicht vun engem Bouf. / Perl oder Pica ass dem Jhemp Hoscheit säin éischte Roman. E krut 1997 den 3. Präis beim nationale Literaturconcours, gouf fir d‘éischt 1998 publizéiert - 2017 déi 7. Oplo - a krut 1999 de Servais-Präis fir dat bescht Buch, dat an deem Joer zu Lëtzebuerg publizéiert gouf. / De Roman gouf 2005 vum Pol Cruchten no engem Dréibuch vum Viviane Thill verfilmt. (2007 Prix du Public beim 3. Lëtzebuerger Filmpräis.) Doriwwer eraus ass de Roman eng Lëtzebuerger Chronik aus de 60er Joer, enger zimlech onkomplizéierter Zäit, déi dem jonken Erzieler awer ongerecht a verluge virkënnt.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Hoscheit Jhemp
Kategorie Literatur - Roman
Parution 2017
Medium Buch
Editeur Editions Schortgen

„Sorry fir deen Duercherneen“ ass en ofwiesslungsräiche politsatiresche Réckbléck iwwert dat, wat 2016 uechter d’Welt geschitt ass, eng Chronik iwwert d’Aktualitéit vum vergaangene Joer mat bëssegen, kriteschen a wuertwitzege Kommentaren. Et si keng eenzel Zeenen, keng Sketcher, mee et ass en zesummenhängenden Text, a Form vun engem Rollespill. Dësen Text huet de Jhemp Hoscheit zesumme mam Museker Jules Arpetti – am Ufank vun hirer Liestournée – fir d’éischt de 26. Januar 2017 am Centre National de Littérature zu Miersch opgefouert. Satir ass och ëmmer e Stéck Literatur … Fir politesch a gesellschaftlech Mëssstänn opzedecken an se z’entlarven, brauch een en anere Bléckwénkel, dee verzerrt, awer ni verschéinert. Dofir mécht den Auteur sech d’Sprooch zu eegen a benotzt verschidde Stilmëttelen, wéi Komik, Polemik, Humor, Ironie … Wéi eng Pëll, déi berouegt, awer net aschléifert, reegt d’Satir zum Laachen un a léist nach eng ganz aner Niewewierkung aus: Si rëselt waakreg ...

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Hoscheit Jhemp
Kategorie Literatur - Cabaret
Sujet Politique luxembourgeoise
Parution 2017
Medium Buch
Editeur Editions Guy Binsfeld

Hg. von / Éd. par Claude D. Conter - Mit Beiträgen von / Avec des contributions de Jean Back, Saskia Bernardy, Daphné Boehles, Claude Bommertz, Michel Clees, Claude D. Conter, Ian De Toffoli, Alexandra Fixmer, Jeanne E. Glesener, Germaine Goetzinger, Pol Greisch, Samuel Hamen, Roland Harsch, Georges Hausemer, Guy Helminger, Nico Helminger, Jhemp Hoscheit, Jean-Paul Jacobs, Ludivine Jehin, Josiane Kartheiser, Kilian Leypold, Daniela Lieb, Pierre Marson, Cornel Meder, Sven Mühlen, Claudine Muno, Tom Nisse, Robert L. Philippart, Jean Portante, Pierre Puth, Tim Reuter, Guy Rewenig, Nicole Sahl, Lambert Schlechter, Sandra Schmit, Yorick Schmit, Jeff Schmitz, Pascal Seil, Margret Steckel, Robert Gollo Steffen, Jacques Steffen, Myriam Sunnen, Melanie Thill, Sébastian Thiltges, Nora Wagener, Josiane Weber, Antoinette Welter, Martin Willems, Rob Zeimet, Henning Ziebritzki, Jeannette Zimmer

No Aacht Deeg an der Woch a Perl oder Pica elo den drëtte Band Wootleche Krich vum Jhemp Hoscheit. Wootleche Krich spillt 1965 – tëscht Aacht Deeg an der Woch a Perl oder Pica –, an der Zäit vum Kale Krich. Mësstraue schléit engem op all Eck an d'Gesiicht, Gerüchter ginn ëm, Ufeindunge ginn ëmmer méi heefeg. An dotëscht steet dem Nick seng Clique, déi probéiert d'Wourecht erauszefannen. D'Wourecht iwwert ee vermeintleche Kommunist, iwwert een, deen onschëlleg Leit verflucht, iwwer dat, wat d'Gesellschaft anscheinend bedrot. Et ass eng Sich no Äntwerten, no Identitéit, no dem grouse Sënn hannert allem. De Roman verbënnt Theme wéi Kultur, Relioun, Sozialpolitik an Ideologien a verwurrelt se bis zur Onkenntlechkeet, fir se herno nees eenzel a kloer un d'Liicht ze bréngen. De Jhemp Hoscheit verbënnt eegen Erfahrunge mat fiktionalen Elementer a schaaft esou eng Atmosphär, déi Sengesgläiche sicht. D'Mentalitéit aus de siechzeger Joren ass wéi eng Momentopnam agefaangen a weist, wéi d'Liewen an der Minettsregioun deemools war. Wootleche Krich beinhalt verschidden Erzielsträng, déi aneneen iwwerginn, sech matenee verbannen an zum Schluss lues a lues entschlësselt ginn.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Hoscheit Jhemp
Parution 2018
Medium Buch
Editeur Editions Guy Binsfeld