Groeber Gast

Avec les contributions de 32 auteurs : Jean Back, Ulrike Bail, Raoul Biltgen, Ian De Toffoli, Anja Di Bartolomeo, Tullio Forgiarini, Pol Greisch, Gast Groeber, Samuel Hamen, Roland Harsch, Guy Helminger, Nico Helminger, Jhemp Hoscheit, Pierre Joris, Francis Kirps, Rafael David Kohn, Anise Koltz, Anna Leader, Carla Lucarelli, Roland Meyer, Tom Nisse, Gilles Ortlieb, Antoine Pohu, Jean Portante, Nathalie Ronvaux, Jeff Schinker, Lambert Schlechter, Elise Schmit, Jean Sorrente, Margret Steckel, Hélène Tyrtoff & Nora Wagener. En 2019, le photographe Philippe Matsas partit à la rencontre de 32 auteur(e)s qui lui ouvrirent leurs univers. Le Centre national de littérature (Luxembourg) demanda à ces mêmes auteur(e)s de livrer un ‹ agenda littéraire ›, compte rendu de leur travail et de leur quotidien d’écrivain durant le mois d’octobre de la même année. 19 10 PM recueille ces points de vue et croisements. / « Ce qu’on aimerait savoir c’est non pas précisément où, quand, comment les écrivains écrivent, leur histoire et leurs goûts, mais deviner l’endroit intime à partir duquel les mots s’activent. » (Philippe Matsas) / « 19 10 PM s’est construit autour des principes de la rencontre et du rendez-vous, embrassant tout à la fois hasard et préméditation. » (Ludivine Jehin & Claude D. Conter)

Sech erënneren, datt ee sech geschwuer hat, keng Knupp méi wëllen am Mo ze hunn. Wéi wann e Steen doranner getässelt gi wier. E Steen! Dat ass natierlech Quatsch! Et gëtt jo wuel Nieren- a Galesteng, awer dach keng Mosteng. Just a Märercher, an dann nach nëmmen, wann een e Wollef ass!

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Groeber Gast
Kategorie Literatur - Erzielung
Parution 2013
Medium Buch
Editeur Op der Lay

Mat dëser Geschicht op Lëtzebuergesch kréie mer Jonker vun haut gewisen, déi sech no der Schoul reegelméisseg an hirer Bud gesinn. Déi ass awer op engem sengem Grondstéck, dee si bis dohin nach net kennen: de Griss, wéi si deen alen Här Grisius nennen. Ass dee fir ze fäerten? Op jidde Fall gëtt erzielt, et wier e ganz komesche Kärel, mä si wëllen deen och mol kenneléieren. An dat geléngt och méi einfach, wéi si geduecht hunn. De Griss ass en ale Mann, deen awer ganz vill iwwert e Kontinent ze erziele weess, deen d'Kanner richteg faszinéiert, nämlech Australien. Datt dat alles am Alldag net ëmmer sou riicht ofleeft, kann ee sech awer och virstellen, well do och Elteren där ganzer Saach net sou richteg trauen. Mä wat alles an deem intressante Roman passéiert, liest Der léiwer selwer

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Groeber Gast
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Roman
Parution 2010
Medium Buch
Editeur Op der Lay

Am Hierscht 2016 bréngt Op der Lay mat Eng Stad ënnert dem Himmel dem Gast Groeber säi 5. Buch eraus. Dës Kéier huet den Auteur seng Kuerzgeschichten ënnertenee verknëppt, wat ganz iwwerraschend fir de Lieser ass. De Gast Groeber zielt mëttlerweil zu deene ganz Groussen an der Literatur a Lëtzebuerger Sprooch: Säi Jugendroman De Griss hat et direkt op d’Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2011 gepackt.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Groeber Gast
Kategorie Literatur - Erzielung
Parution 2016
Medium Buch
Editeur Op der Lay

De Manu wunnt zu Lëtzebuerg, schafft ganz erfollegräich am Event-Managing. Privat kann e sech net bekloen. E fillt sech wuel a sengem Frëndeskrees. Enges Daags begéint hien enger Fra, déi e faszinéiert. D'grouss Léiwt? Net laang duerno mengt hien op eemol, hie kéim op iergendeng Aart a Weis hannert deenen aneren hir Gedanken, op senger Aarbéchtsplaz, ënnert senge Frënn. Dat bréngt vill Onrou a säi Liewen an hien zitt sech zréck. Am Ausland probéiert hien, eng nei Existenz opzebauen. Do begéint e seng grouss Léiwt och zréck. Mä villes huet geännert. Och eng onerwaart Wourecht trëtt an de Virdergrond. An dobäi wëllt hien dach nëmme ganz einfach säi Liewe féieren.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Groeber Gast
Kategorie Literatur - Liebesroman
Sujet Social - Amour
Parution 2012
Medium Buch
Editeur Op der Lay

Sou eng Rei Erfolleger hannertenee weisen, datt de Gast Groeber am Lëtzebuergeschen a ganz kuerzer Zäit zu engem vun deene beschte Schrëftsteller an eiser Sprooch ginn ass. An dat läit sécher och u senger Sprooch, well et en natierlecht a modernt Lëtzebuergesch ass, wat hie schreiwt. Dobäi ass all Buch vun him thematesch sou verschidden, wat och weist, datt hie sech iwwer ganz vill aktuell Problemer seng Gedanke mécht, déi hien da literaresch festhält a verschafft. Vill Leit dierften da gespaant sinn, ëm wat et a sengem neie Roman aus dem Fréijoer 2015 geet. Weekend mat Bléck op Fräiheet ass just eng kuerz Episod am Leksa sengem Liewen, eebe just e Weekend. D’Russin Aleksandra, kuerz Leksa genannt, huet déi duebel Nationalitéit a liewt hei zu Lëtzebuerg. En Owend mat Frënn am Éislek mécht hir awer definitiv kloer, datt si net méi bei hirem lëtzebuergesche Frënd bleiwe kann. Hir Elteren hunn en Appartement am Garer Quartier an der Stad an do zitt hatt sech zréck, begéint do senger aler Jugendléiwt Joao, engem Portugis, wou et gesäit, datt d’Zäit fir anerer och net stoe bliwwen ass. Et begéint verschidde Leit an et kommen nei Entscheedungen op hatt duer. A verschiddener weisen him, wéi et mat senger neier Fräiheet ëmgoe kann.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Groeber Gast
Kategorie Literatur - Roman
Sujet Social - Amour
Parution 2015
Medium Buch
Editeur Op der Lay

De Gast Groeber bréngt bei Op der Lay säi 6t Buch eraus, no 3 Romaner an 2 Kuerzgeschichtesammlungen, dës Kéier eng Novell. / Et ass Freideg, de Weekend fänkt un. Eng Koppel, de Pierre, och Jogg geruff, an d’Florence, sollen am Fong geholl, dësen Owend op e Vernissage. Mee, knapps ass d’Florence doheem ukomm, vreckt vun der Aarbecht, do rifft den Jogg him un, vu sengem Lafparcours : hie bräicht Hëllef. D’Florence iwwerriet a senger Opreegung de Veterinär, fir mat op de Lafparcours ze fueren. Op der Gewan iwwerschloen sech dann awer ganz séier Erënnerungen, Wënsch, Enttäuschungen a Realitéit.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Groeber Gast
Parution 2019
Medium Buch
Editeur Op der Lay