Lallemand Orianne

Zwou Geschichte mam Wollef fir Dech ... - an de Wollef a säi Wollefsmeedchen als Plüschdéier - De Wollef mécht eng Zäitrees - De Wollef an der Welt vun de Märercher

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Loups
Parution 2016
Medium Livre + Jeu
Editeur PersPektiv Editions

An dëser Këscht fënns du véier Bicher fir mam Wëllefchen déi véier Joreszäiten ze entdecken an éischt Begrëffer ze léieren iwwer : d'Joreszäiten, d'Faarwen, d'Uebst a Geméis, d'Fester, d'Aktivitéiten, d'Wieder, d'Zuelen ...

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Saisons
Parution 2017
Medium Livre + Jeu
Editeur PersPektiv Editions

An dëser Këscht fënns du véier Bicher fir mam Wëllefchen éischt Begrëffer ze léieren iwwer: d'Formen - Am Wëllefche sengem Zëmmer leie vill Spillsaachen. E véiereckege Baukasten, e rautefërmegen Draach an e ronne Ball. / d'Géigendeeler - De Wëllefchen ass net frou mam Wanter, well et da kal ass. Hien huet vill léiwer de Summer, dann ass et gutt waarm. / d'Zifferen - Um Héngerjuck huet de Wëllefchen 1 Jippelchen an 2 Hénger gesinn. Komm mir ziele bis 10. / d'Faarwen - Beim Wëllefchen doheem gëtt et vill Faarwen: Blo, Rout, Rosa, Gréng. Faarweg ass alles méi schéin!

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Parution 2020
Medium Livre + Jeu
Editeur PersPektiv Editions

Haut huet dem Wëllefchen seng Mamma decidéiert, datt hien säin Nuckel net méi brauch. A wann de Wëllefchen senger Mamma da géif weisen, wat säin Nuckel alles kann ?

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Nouveau-né
Parution 2018
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Haut geet de Wëllefche mat der Mamma an dem Babywollefsmeedchen an de Park. Et geet awer näischt esou, wéi hien dat wëllt. Hie granzt, hie motzt, hien ass schlecht gelaunt ! D’Mamma mengt, et wier elo un der Zäit, datt de Wëllefche léiert, seng Emotiounen ze beherrschen …

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Parution 2019
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Haut wëllt de Wëllefchen seng Suckel op kee Fall hierginn. Mä d’Mamma an de Pappa halen awer drop : Schliisslech ass hie kee Baby méi ! Wéi soll et hinne geléngen ?

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Parution 2019
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

De Wëllefchen ass scho grouss, hie brauch keng Wëndele méi. A wéi d’Mamma him Kalzonge fir grouss Jonge schenkt, weess de Wëllefchen: Vun elo u wëllt hien op d’Toilette goe wéi déi Grouss!

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Parution 2020
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

De Wëllefchen ass haut guer net gutt gelaunt. Hie seet ëmmer nëmmen NEEN zu alles. Awer d'Mamma an d'Boma Wollef kennen e puer Tricken ...

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Loups
Parution 2017
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

De Wëlleche läit mueres waakreg am Bett . Wéi wier et, wann e sech haut géif ganz eleng undoen? Esou schwéier kann dat net sinn. D’Mamma kann herno nëmme staunen.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Parution 2019
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Haut den Owend geet de Wëllefchen an d’Bett. Awer et ass ganz schéin däischter a sengem Zëmmer. A wann dann e Monster ënnert sengem Bett verstoppt wier ?

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Peur
Parution 2018
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

De Wëllefche freet sech drop, fir an d'Schoul ze goen, an ass scho ganz gespaant, wat hien do alles erliewe wäert.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Enseignement
Parution 2017
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

De Wëllefchen huet Féiwer. D’Mamma geet mat em bei den Dokter. De Wëllefche fäert e bëssen ... ma den Dokter ass ganz léif an e weess, wéi de Wëllefchen erëm gesond gëtt .

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Maladie
Parution 2018
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Haut geet de Wëllefche mam Pappa an de Gaart. Gruewen, séien, reechen, nätzen a sech gedëllegen ... Et muss ee vill léieren, wann ee wëll am Gaart schaffen. Ma wéi de Wëllefchen endlech alles ka plécken an eranhuelen, wat e geséit huet, ass en déck houfreg !

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Jardin
Parution 2018
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

De Wëllefchen a seng Famill ginn an d’Vakanz. Dës Kéier fléie si mam Fliger! D’Abenteuer fänkt schonn um Fluchhafen un: Alles ass ganz nei fir de Wëllefchen. An hie mierkt, datt Reesen e grousst Abenteuer ass.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Parution 2019
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

De Wëllefchen entdeckt eng nei Saach : de Potti / A firwat soll dat Dénge gutt sinn ?

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Nouveau-né
Parution 2018
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Dem Wëllefche seng Eltern hunn eng grouss Neiegkeet fir hien : hie gëtt grousse Brudder ! Awer de Wëllefche mécht sech Suergen... De Pappa an d'Mamma brauchen elo bestëmmt vill Zäit fir dee Babi. A sinn si dann och nach grad esou frou mat him wéi virdrunn ?

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Loups
Parution 2016
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

De Wëllefche fiert dobausse mat senger neier Trottinett, wéi en op eemol ... bumm ! trëllt a sech wéi deet. Och den Nuckel huet sech blesséiert. Ma d'Mamma huet eng Iddi, wéi se déi zwee séier erëm op d'Bee kritt ...

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Maladie
Parution 2017
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Haut huet de Wëllefche Gebuertsdag. / En huet alles gutt geplangt: Loftballonen, Spiller, Kuch, Bonbonen ... wat een ebe fir esou e flotten Dag brauch. / Alles Gutts fir de Gebuertsdag, Wëllefchen!

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Loups
Parution 2018
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

De Wëllefchen ass bei seng Kusinn Luana op de Kaffi invitéiert. Ma déi zwee schéngen hir gutt Manéiere vergiess ze hunn. Kee vun hinne benotzt d’Zauberwuert. Ma do hunn d’Mammen eng Iddi!

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Parution 2018
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Ass eise Planéit a Gefor? Jo, mee ... de Wëllefchen huet fest wëlles, en ze retten! An zack – verwandelt hie sech an en Ëmweltheld. Säin Dreck recycléieren, d’Luuchten ausmaachen, Waasser spueren: all klenge Gest zielt!

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Parution 2020
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Haut spillt de Wëllefche mat senge Kolleegen. / Ma hie wëll ëmmer de Chef sinn an dat geet hinnen op de Su! / Ma de Wëllefche mierkt schnell, datt et vill méi flott ass, mat deenen aneren ze spillen, wéi se erëmzekommandéieren.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Loups
Parution 2018
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Um Bauerenhaff ass e Bëtschel verschwonnen … De Wëllefche sicht et iwwerall : am Kéistall, am Schwäistall, am Schapp, bei de Kanéngerchersställ, am Geméisgaart … mä de klengen Näischnotz huet sech gutt verstoppt! Mengs du, de Wëllefche géif d‘Bëtschel erëmfannen ?

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Ferme
Parution 2018
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Fir dat grousst Schoulfest wëll sech de Wëllefchen als Ritter verkleeden. D’Mamma an de Pappa hëllefen him, eng richteg flott Rüstung ze bastelen. A mat Schwäert a Schëld eruewert en tatsächlech eng Buerg.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Parution 2020
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Haut kënnt de Wëllefchen, zesumme mam Babywollef, zimmlech knaschteg aus dem Park heem! Allez, hopp! An d’Buedzëmmer! Dat ass déi Geleeënheet fir de Wëllefchen, fir ze weisen, datt hie sech ganz eleng wäsche kann, wéi e grousse Wollef. Bravo Wëllefchen!

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Hygiène
Parution 2018
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

De Wëllefche léisst säin lesse stoen. Hie wëll keng Champignonen. An och keng Ham ! A scho guer kee Geméis ! All Dag deen nämmlechten Zodi. De Wëllefche wëll ëmmer nëmmen Nuddelen.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Loups
Parution 2016
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Et ass Zäit fir an d’Bett. Ma de Wëllefchen ass net midd. Hie wëll nach gär spillen, Geschichte lauschteren a mat der Mamma schmusen. Am léifsten déi ganz Nuecht.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Parution 2020
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Wéi de Wëllefchen aus der Schoul kënnt, street hie seng Saachen an der Entrée, am Salon... an iwwerall doruechter am Haus! Glécklecherweis hunn d’Mamma an de Pappa genuch Iddien, fir him beim Opraumen ze hëllefen.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Parution 2020
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Fir d'Bëschfest wëll de Wollef en Äppelkuch baken. Hie weess awer net, wéi dat geet. Ma vläicht fënnt hien een, deen him kann hëllefen. A wiem begéint hien alles am Bësch ? Den draï klenge Schwéngercher, dem Rotkäppchen, enger Hex... Wat muss hien net alles matmaachen, fir der Tatta Rosalie hier gudde Kuch baken ze kënnen !

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Loups
Parution 2016
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

De Wollef huet eng super Iddi ! Hie wëll e Superheld sinn ! Séier e schnëttege Kostüm ugedoen a schonn ass hien e Super-Duper-Mega-Wollef. Elo brauch hien nach just een, deen e ka retten. Ma dat ass net esou einfach, wann ee super onbehollef ass !

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Loups
Parution 2017
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Enges Owends erwächt de Wollef duerch en décke Knuppert! E Raumschëff ass a sengem Geméisgaart gelant! Hien däerf keng Zäit verléieren: D’Awunner vum Planéit Looping brauchen hie fi r eng ganz speziell Missioun … A schonn ass de Wollef ënnerwee an de Weltall, eng Rees mat villen Abenteuer.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Parution 2017
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Wéi de Wollef dem Barbalupus seng Schatzkaart fënnt, fänkt fir hien en aussergewéinlecht Abenteuer un : Hien entdeckt den Ozean mat senger Déierewelt, senge wonnerschéine Faarwen, sengem déiwe Blo ... Ma d’Mier ass a Gefor, d’Verschmotzung gräift ëmmer méi ëm sech. De Wollef gëtt esou muenches gewuer, dat hien iwwerrascht.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Mer
Parution 2018
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Enges Mueres kënnt e komesche klenge Wollef an de Bësch. Hien ass witzeg, eegenaarteg, awer och opdränglech, ongeschéckerlech, nerveg! Et ass méi komplizéiert, dëse klengen, neie bëschbewunner ze adoptéieren, wéi de Wollef geduecht hat... Mä de Wollef ass iwwerzeegt, datt et him geléngt, well wat gëtt et Schéineres, wéi en neie Frënd am Liewen ze hunn?

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Parution 2019
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Liesen, dat ass näischt fir de Wollef. Hie knabbert zwar gär um Pabeier, ma him läit näischt un de Geschichten, déi an de Bicher erzielt ginn. Vill léiwer erlieft hie richteg Abenteuer ! Ma vläicht ännert e seng Meenung no enger phantastescher Ree an d'Land vun de Bicher ?

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Loups
Parution 2017
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Frou, traureg, opgereegt, jalous ... / Dem Wollef seng Laun dréit sech ewéi de Wand. / E mécht seng Frënn dronken dermat! / An duerfir beschléissen si, datt de Wollef muss léieren, sech ze beherrschen. Ma wéi soll dat goen ?

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Parution 2018
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

D'Wollefsmeedche géif gär mam Wollef an de Musée goen. Ma deen ass guer net frou doriwwer an zimlech genervt. Ma da kënnt alles anescht wéi geplangt...eng Sireen hurelt, e Konschtwierk verschwënnt...an de Wollef mécht sech drun, dat Rätsel ze léisen !

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Loups
Parution 2016
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

De Wollef fënnt Chrëschtdag schrecklech. Wann en nëmmen drun denkt, ginn em d’Dronkenellen aus ! Ma seng Frënn hu sech virgeholl, him richteg Loscht op dëst Fest ze maachen. Chrëschtdag ka schliisslech richteg flott sinn.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Parution 2018
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Et gouf emol eng Kéier e jonke Wollef, dee virun alles Angscht hat...souguer viru sengem eegene Schiet ! Seng ganz Famill huet dat guer net verstan. Enges Daags hëlt hie sech vir, méi Courage ze hunn. Hie mécht sech op de Wee, fir Abenteuer ze erliewen... Mä bréngt hien et fäerdeg, all de Steng, déi hien op deem Wee begéint, aus de Féiss ze goen ? Fënnt hie Frënn, déi hie gär hunn, esou wéi hien ass ?

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Loups
Parution 2016
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

D’Joffer Yeti ass beonrouegt: Zënter Wochen huet si näischt méi vun hiren Pappa héieren. De Wollef mécht sech op d’Sich nom geheimnisvolle Yeti an erlieft een Abenteuer nom aneren. Et gëtt eng phantastesch Rees op déi schéinste Bierger vun der Welt. De Wollef muss wierklech alles ginn!

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Parution 2019
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Eng léif Geschicht vum Wëllefchen - Eng Melodie, een instrument, eng Saït - 5 Melodien - 5 Instrumenter ze entdecken

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Sujet Loups
Parution 2017
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Et ass geschwënn Zäit fir an d’Bett. D’Spillsaache raumen, de Pyjama undoen, d’Zänn wäschen ... an da gëtt eng Geschicht gelies! E Ritual, op dat sech de Wëllefchen all Owend freet.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Parution 2019
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Haut deet de Wëllefche sech ganz eleng un, wéi e Groussen. Hopp, knäppt en de Kalzong zou. Klick, maachen d’Klippe vun der Salopett. Ritsch, ginn d’Schung festgezunn ... Et ass richteg flott, sech unzedoen!

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Lallemand Orianne , Thuillier Eléonore
Kategorie Literatur - Jugend
Parution 2017
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions