Engler Michael

Am léifste spillt de Ben mat der Mamma a mam Pappa. Ma déi hunn net ëmmer Zäit. Dann ass de Ben traureg a fillt sech eleng. Enges Daags schellt et un der Dier, a wéi de Ben kucke geet, steet do de Bier. Et ass den Ufank vun enger décker Frëndschaft.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Engler Michael , Tourlonias Joëlle
Parution 2020
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

O jee, de Bier ass krank! Seng Nues leeft a seng Stier ass richteg gliddeg. Ma de Ben weess, wat do hëlleft: Schnappdidapps-Jus, vill Vitaminnen an eng Plooschter! An hannendrop nach eppes ganz Wichteges: Ganz vill Léift!

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Engler Michael , Tourlonias Joëlle
Parution 2020
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Enges Daags am Fréijoer entdeckt den Hues de Kéiseker. Esou eppes Pickeges hat hien nach ni gesinn, ma him gefält dat Däreldéier. An dem Kéiseker gefält dem Hues säin duusst Fell. Vun do u gesinn si sech all Dag op der Wiss bei der Baach. Si spille Fänkches a Stoppches an si sech eens: „Mir wëlle Frënn si fir d’Liewen.“ Ma enges Daags ass de Kéiseker op eemol verschwonnen.

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Engler Michael , Tourlonias Joëlle
Parution 2022
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions

Den Hues an de Kéiseker sinn déi bescht Frënn, déi een sech ka virstellen. Wou deen een ass, ass deen aneren och net wäit. D’Déieren am Bësch an an de Wisen hätten och gär esou e gudde Frënd. E Frënd fir d’Liewen. Ma enges Daags wëll den Hues léiwer mam Kaweechelche spillen. Dat kann esou fantastesch wäit sprangen an huet esou e schéint, glat Fell ...

Details
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteuren Engler Michael , Tourlonias Joëlle
Parution 2022
Medium Buch
Editeur PersPektiv Editions