Haut ass kee gudden Dag fir de Jimmy. Näischt ass gutt. “Vläicht bass de haut granzeg”, mengt säi Frënd Theo. Awer de Jimmy mault: “Ech sinn net granzeg!” Och seng Frënn kréien hien net opgemontert, an hie leeft rose fort. Kann et da vläicht sinn, datt den Theo Recht huet? E léift Billerbuch, dat op eng witzeg Manéier den Ëmgank mat deene Gefiller erkläert, déi am Fong net ze erkläre sinn.
Sprooch | Lëtzebuergesch |
---|---|
Auteuren | Lang Suzanne , Lang Max |
Parution | 2020 |
Medium | Buch |
Editeur | PersPektiv Editions |