„Ech kann et eleng!“, dovun ass de klenge Bim iwwerzeegt. Seng Mamma weess dat, a léisst hire grousse Jong scho villes selwer maachen. Mee heiansdo muss en awer nach gehollef kréien an dat huet de Bim guer net gär. De klenge Bim mécht an der Bëschcrèche seng éischt Erfarunge mam Groussginn. Dat ass net ëmmer einfach, well et muss een nach esou vill léieren! Zwar kann de Bim scho munches eleng – awer zesummen ass et dach méi einfach. Mee dat versteet de Bim nach net ganz a sou kënnt et, dass hie Kaméidi mat senger beschter Frëndin Anna kritt, well dat him wëll hëllefen. De Bim gëtt motzeg a wëll net méi mat deenen anere Kanner aus der Crèche spillen, bis dat Elengspillen awer beemol kee Spaass méi mécht ... Entdeckt dës nei Geschicht vun den Éditions Guy Binsfeld, geschriwwen an illustréiert vum Olga Reiff, iwwer déi grouss Problemer vu klenge Mënschen.

Ce produit n'est actuellement pas disponible sur LORD.LU. Pour plus d'informations, veuillez téléphoner au (+352) 26 68 35 76 ou envoyer un Email.
Eenzelheeten
Auteur Reiff Olga
Editeur Editions Guy Binsfeld
Internetsäit http://www.editionsguybinsfeld.lu
Thema Literatur
Ënnerthema Jugend
Aspekt Erzéiung
Sprooch Lëtzebuergesch
Verëffentlechung2019
UertschaftLuxembourg
Medium Buch
Format240 x 200 mm
Volume36 pages
ISBN 139789995942274
Buch14.56 € ( 15.00 €)
Editioun1re édition
Rechter
Droits d'auteuren Quantitéit Empfänger Tarif Indexatioun? Präis otva Präis ttc Kuerf
Scannen intra/extra/internet Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Photokopie sw 0.198 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photokopie faarweg 0.396 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Iwwersetzung Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Deelen
Barcode