Dat grousst Féissbuch ass dat ultimatiivt Buch iwwer d’Féiss. Féiss an alle Variatiounen, an alle méigleche Kontexter ginn a 14 Kapitele virgestallt a mol méi, mol manner detailléiert behandelt. Et geet ëm d’Féiss an der Literatur, d’Féiss an der Konscht, Foussreflexzonen, a. v. m. – eben ëm Féiss, déi ee wichtegen Impakt op eis Gesellschaft, eis Kultur an op eis selwer hunn, schliisslech bréngen d’Féiss eis iwwerall hin a wëssen dacks besser wéi de Kapp, wou dat soll sinn. / Dëst Buch ass net ëmmer ganz eescht ze huelen, liwwert vill flott, humorvoll a léierräich Episoden aus der Welt vun de Féiss, dofir: et ass net ëmmer alles schwaarz oder wäiss, grad sou wéineg wéi dëst Buch, well d’Haaptfaarf vu Facebook, dat den Ustouss zu dësem Wierk ginn huet, zitt sech wéi ee roude Fuedem derduerch. / An dësem Buch ass d’Kommentarfunktioun bis op e puer Ausnahmen ausgeschalt, ma et fënnt ee vill ergänzend an illustrativ Zeechnunge vum Michel Geimer, déi den Text op seng ganz eegen Aart kommentéieren. / Ee Buch fir kleng a grouss Féiss, déi eppes Neits entdecke wëllen.

28.00 €

D'TVA ass an alle Präisser dran.

Op Lager

Eenzelheeten
Auteur Harsch Roland
Editeur Editions Guy Binsfeld
Internetsäit http://www.editionsguybinsfeld.lu
Thema Literatur
Sprooch Lëtzebuergesch
Verëffentlechung2019
UertschaftLuxembourg
Medium Buch
Format170 x 230 mm
Volume256 Säiten
ISBN 139789995942434
Buch27.18 € ( 28.00 €)
Editioun1. Oplo
Rechter
Droits d'auteuren Quantitéit Empfänger Tarif Indexatioun? Präis otva Präis ttc Kuerf
Scannen intra/extra/internet Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Photokopie sw 0.084 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photokopie faarweg 0.168 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Iwwersetzung Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Deelen
Barcode