Literatur - Erzielung

An dësem Wierk setzt hien sech mat senge perséinlechen Erfarunge mat der Natur auserneen, déi hie scho säit senger fréister Kandheet begleet a gepräägt huet. Seng Léift a Faszinatioun fir alles, wat wibbelt a kraucht, krut hie vu sengem Bop an Urgroussbop vermëttelt, déi dem Auteur, wéi en nach e klenge Bouf war, e ganz besonnesche Kaddo gemaach hunn: E Bam. / An de ronn 30 Geschichten léisst den Henri Losch dës an aner Momenter Revue passéieren an hëlt de Lieser mat op eng Rees, déi vun Dikrech iwwer Useldeng a Bartreng bis an den héijen Norde féiert, dat op déi gewinnt lëschteg Art a Weis. Eng Uertschaft huet fir den Auteur bis haut eng ganz besonnesch Bedeitung, nämlech Ierpeldeng. Et ass säi perséinlecht Paradäis, fir dat hien dat eent oder anert Affer huet misse bréngen. / „De Kregéiler“ ass no „D’Rennscheier – E Guide erzielt“, „Koppeges & Bosseges – E Schoulmeeschter erzielt“ an „E Bouf erzielt – Eng gewéinlech ongewéinlech Kandheet am Krich“ schonn dat véiert an enger Rei vun autobiographeschen Erzielungen, déi den Henri Losch bei den Editions Guy Binsfeld erausginn huet.

22.90 €

D'TVA ass an alle Präisser dran.

Op Lager

Eenzelheeten
Auteur Losch Henri
Editeur Editions Guy Binsfeld
Internetsäit http://www.editionsguybinsfeld.lu
Thema Literatur
Ënnerthema Erzielung
Sprooch Lëtzebuergesch
Verëffentlechung2017
UertschaftLuxembourg
Medium Buch
Format143 x 210 mm
Volume320 pages
ISBN 139789995942281
Buch22.23 € ( 22.90 €)
Editioun1re édition
Rechter
Droits d'auteuren Quantitéit Empfänger Tarif Indexatioun? Präis otva Präis ttc Kuerf
Scannen intra/extra/internet Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Photokopie sw 0.084 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photokopie faarweg 0.168 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Iwwersetzung Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Deelen
Barcode