Literatur - Kriminalroman

E Käpperchessammeler ass erschloe ginn. D’Ëmfeld vum Opfer ass keng grouss Hëllef bei der Opklärung, d’Schwëster huet zwar ee Verdacht, mee dee behält se fir sech a säi Chef huet nach ganz aner Saache geheim ze halen. De Fischbach steet virun engem Rätsel, bis e ganz geziilt een Tipp kritt. Hie gesäit net, wien en Interessi huet, hien op déi Spur ze féieren. Dem Fischbach seng Enquête féiert hie vum Éislek bis an England, wou hie villes aus vergaangenen Zäite gewuer gëtt, wat nach ëmmer nowierkt ... Een zweete Fall, dee sech ëm e Scheckbedruch dréit, ass mat Hëllef vu sengen erfuerene Kollege séier opgekläert, mee dem Fischbach seng Gedanken dréie sech virun allem ëm säi Fall, bei deem en dem Motiv an dem Täter ëmmer méi nokënnt, bis, jo bis eppes en drun hënnert de Fall och wierklech op een Enn ze bréngen... / D’Serie: Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm - Den drëtte Schlëssel ass deen éischte Band vu senger Krimiserie, déi de Jean Schoos hei presentéiert. - Voller Ambitiounen, wëllt de René Fischbach, Oberleutnant an zweeten Offizéier an der Sûreté weisen, wat hie kann an trëppelt dobäi verschiddene Leit op d'Zéiwen. Mee oft mierkt hien a sengem Äifer net, wat ronderëm hie passéiert. An dëser Krimiserie geet et ënnert anerem ëm d’Polemik tëscht Police a Gendarmerie. Béid Corpsen sti sech net ëmmer frëndschaftlech géigeniwwer, Rivalitéiten a gefillten Ongerechtegkeete stinn enger harmonescher Zesummenaarbecht am Wee. Dat gëtt och dem neien Oberleutnant mat der Zäit ëmmer méi bewosst.

22.00 €

D'TVA ass an alle Präisser dran.

Op Lager

Eenzelheeten
Auteur Schoos Jean
Editeur Editions Guy Binsfeld
Internetsäit http://www.editionsguybinsfeld.lu
Sprooch Lëtzebuergesch
Verëffentlechung2016
UertschaftLuxembourg
Medium Buch
FormatBroché - 154 x 224 mm
Volume240 pages
ISBN 139789995942144
Buch21.36 € ( 22.00 €)
Editioun1re édition
Rechter
Droits d'auteuren Quantitéit Empfänger Tarif Indexatioun? Präis otva Präis ttc Kuerf
Scannen intra/extra/internet Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Photokopie sw {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photokopie faarweg {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Iwwersetzung Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Deelen
Barcode