Besuch um Wudderhaff, dem Tit Schroeder säin éischt Theaterstéck, dat opgefouert gouf, war e gellegen Erfolleg, wéi et den 28. November 1961 ënnert der Regie vum Eugène Heinen am Stater Theater opgefouert gouf. An et sollt och dem Tit Schroeder virbehale sinn, wéi den Neien Theater 1964 seng Dieren opgemaach huet, datt nees e Stéck vun him gespillt gouf. d’Pöltches Famill oder De Pöltches Bärend a seng Leit huet de 15. Abrëll 1964 Première gefeiert. Déi zwee Stécker waren net nëmmen an de 1960er Joren erfollegräich, si sinn och spéider nach dacks gespillt ginn. An dësem Band sinn dem Tit Schroeder seng Theaterstécker elo fir déi éischte Kéier zougänglech gemaach ginn. Virun allem gëtt dem Tit Schroeder säin éischt Stéck, den Här Breedewee geet freien (1960), fir déi éischte Kéier publizéiert. Beim Buch ass eng CD dobäi mat Gedichtvertounung vum Fernand Koenig, Pit Nimax & Jos Schaartz a mam Koméidistéck Useldinger erëm doheem vum Jemp Schuster. Mat engem Glossaire vum Jos Wampach & Jean Weiss. Mat Bäiträg vu Claude D. Conter, Nathalie Jacoby, Jacques Steffen, Ian De Toffoli & Georges Calteux

35.00 €

D'TVA ass an alle Präisser dran.

Op Lager

Presentatioun
Eenzelheeten
Auteuren Centre national de littérature Syndicat d'initiative Useldange
Editeur Centre national de littérature - Cnl
Internetsäit http://www.cnl.public.lu/
Thema Literatur
Ënnerthema Theater
Sprooch Lëtzebuergesch
Verëffentlechung2019
UertschaftMersch
Medium Livre + Audio
FormatHardcover
Volume370 pages
ISBN 139789995905019
Livre + Audio33.98 € ( 35.00 €)
EditiounCentre national de littérature & syndicat d'initiative Useldange
Rechter
Droits d'auteuren Quantitéit Empfänger Tarif Indexatioun? Präis otva Präis ttc Kuerf
Scannen intra/extra/internet Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Photokopie sw 0.084 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photokopie faarweg 0.168 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Iwwersetzung Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Deelen
Barcode