Dësen neie Roman vum Jhemp Hoscheit spillt tëschent Mäerz a Juni 2020. Corona a Confinement, friemgoen a friemschreiwen, Prosa a Poesie. D’Mamm, Salariée bei enger Assurancë-Gesellschaft, huet niewent dem Homeoffice nach Zäit, sech an Ersatzwelten an a Serien ze flüchten. Besonnesch d’Erënnerung un hir Affär ass fir d’Manon Gelser wéi bestännege Kappkino. Si weess net, ob de Réckzuch an dat rengt Privat d’Verheemleche méi einfach mécht. De Papp ass am Homewriting. Mee dat ass de Schrëftsteller Laurent Gelser am Fong ëmmer. E stécht zurzäit an enger Romanfiktioun, an där e Vertrauensbroch eng Bezéiung zerstéiert. Wat wär, wa sech eng änlech Situatioun a säi Liewe géif aschläichen? Gespréicher mat engem Virusleegner, deen de Laurent an e Verschwörungsnarrativ verwéckelt, si keng wierklech Oflenkung. Dofir verschaaft d’Schreiwe vu Gedichter him e bëssche Loft. D’Lena, hir Teenager-Duechter, weess net vill mat sech unzefänken. E radikalen Handyverbuet wär fir hatt net auszehalen. Besonnesch net an dëser Zäit, wou d’Ofwiesslunge rar sinn. D’Diskussiounen doriwwer stéieren den Hausfridden, dee grad elo sou wichteg wär. Jidderee vun der Famill Gelser probéiert op seng Manéier, mat der intensiver Zäit vum éischte Confinement ëmzegoen. Tëschent den Zeilen ass de sechste Roman vum Jhemp Hoscheit an déi 13. Publikatioun an der Serie Kremart Kanephora vu Kremart Edition.

19.95 €

D'TVA ass an alle Präisser dran.

Op Lager

Eenzelheeten
Auteur Hoscheit Jhemp
Editeur Kremart Edition
Internetsäit http://www.kremart.lu
Thema Literatur
Ënnerthema Roman
Sprooch Lëtzebuergesch
Verëffentlechung2022
UertschaftLuxembourg
Medium Buch
FormatHardcover - 15 x 22 cm
Volume295 pages
ISBN 139789995939533
Buch19.37 € ( 19.95 €)
Editioun1re édition
Rechter
Droits d'auteuren Quantitéit Empfänger Tarif Indexatioun? Präis otva Präis ttc Kuerf
Scannen intra/extra/internet Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Photokopie sw 0.084 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photokopie faarweg 0.168 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Iwwersetzung Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Deelen
Barcode