No Aacht Deeg an der Woch a Perl oder Pica elo den drëtte Band Wootleche Krich vum Jhemp Hoscheit. Wootleche Krich spillt 1965 – tëscht Aacht Deeg an der Woch a Perl oder Pica –, an der Zäit vum Kale Krich. Mësstraue schléit engem op all Eck an d'Gesiicht, Gerüchter ginn ëm, Ufeindunge ginn ëmmer méi heefeg. An dotëscht steet dem Nick seng Clique, déi probéiert d'Wourecht erauszefannen. D'Wourecht iwwert ee vermeintleche Kommunist, iwwert een, deen onschëlleg Leit verflucht, iwwer dat, wat d'Gesellschaft anscheinend bedrot. Et ass eng Sich no Äntwerten, no Identitéit, no dem grouse Sënn hannert allem. De Roman verbënnt Theme wéi Kultur, Relioun, Sozialpolitik an Ideologien a verwurrelt se bis zur Onkenntlechkeet, fir se herno nees eenzel a kloer un d'Liicht ze bréngen. De Jhemp Hoscheit verbënnt eegen Erfahrunge mat fiktionalen Elementer a schaaft esou eng Atmosphär, déi Sengesgläiche sicht. D'Mentalitéit aus de siechzeger Joren ass wéi eng Momentopnam agefaangen a weist, wéi d'Liewen an der Minettsregioun deemools war. Wootleche Krich beinhalt verschidden Erzielsträng, déi aneneen iwwerginn, sech matenee verbannen an zum Schluss lues a lues entschlësselt ginn.

24.00 €

D'TVA ass an alle Präisser dran.

Op Lager

Eenzelheeten
Auteur Hoscheit Jhemp
Editeur Editions Guy Binsfeld
Internetsäit http://www.editionsguybinsfeld.lu
Thema Literatur
Ënnerthema Roman
Sprooch Lëtzebuergesch
Verëffentlechung2018
UertschaftLuxembourg
Medium Buch
Format134 x 210 mm
Volume424 pages
ISBN 139789995942465
Buch23.30 € ( 24.00 €)
Editioun1ère édition
Rechter
Droits d'auteuren Quantitéit Empfänger Tarif Indexatioun? Präis otva Präis ttc Kuerf
Scannen intra/extra/internet Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Photokopie sw 0.084 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photokopie faarweg 0.168 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Iwwersetzung Dëst Recht ass net beim LORD ze kréien. Kontaktéiert w.e.gl. den Ayant droit
Deelen
Barcode