Dës flott CD mat 67 Titelen fir déi Kleng aus dem Précoce an aus der Spillschoul ass endlech erëm do! Bei enger Längt vun 74 Minutten entdecken d´Kanner Lidder, Spréchelcher a Geschichten a ganz ville Sproochen: lëtzebuergesch, franséisch, däitsch, englesch, portugisesch, italienesch a flämesch. Et handelt sech ëm Klassiker wéi zum Beispill: „Sur le pont d’Avignon“, „Mein kleiner grüner Kaktus“, „Sëtzt een Äffchen op der Träppchen“, „Frère Jacques, Frère Jacques“, „Mir bauen eng kleng Bréck“ oder „Wäschfraen zu Siweburen“. Et sinn och zwou dräisproocheg Geschichten drop, déi op portugisesch, franséisch a lëtzebuergesch erzielt ginn. D'Eva Jiménez Ceballos huet de Cover komplett iwwerschafft. Si huet och schon d'Buch "Sang mat eis zwee! - Kannerlidderbuch mat CD" illustréiert an schafft aktuell un de Biller vun engem neien Buch, dat Enn Abrëll bei der Editioun Bicherhaischen eraus kënnt: "Pirat oder Seeräuber sterben nie" vum Bernd Marcel Gonner.
| Editeur | Bicherhaischen Editioun |
|---|---|
| Site internet | http://www.bicherhaischen.lu |
| Langues | Allemand Anglais - GB Français Luxembourgeois Portugais Italien |
| Parution | 2017 |
| Localité | Senningen |
| Support | Musique |
| Format | Audio Cd |
| Volume | 74 minutes |
| ISBN 13 | 9789995999919 |
| Musique | 14.96 € ( 17.50 €) |
| Edition | 1re édition |