30.00 €
En stockD'Waarden huet en Enn, de „Schlësselroman“ zu de Bommenattentater aus den 1980er-Joren (Wikipedia) ass erëm do: Kremart huet de „Bommenteppech“ vum Josy Braun aus dem Joer 2004 iwwerschafft a bréngt en elo nei raus an enger Ausgab mat maximalem Lies-Confort ... Hierscht 1984: Op der Éisleker Scheedhéicht flitt e Juegdchalet an d’Luucht. Geschwënn duerno gëtt en Hobby-Detektiv aus der Scheedhéichter „Résidence Lorblumm“ vermësst. Wat d’Land nach net weess: Et ass den Optakt fir eng ganz Serie vu Sprengstoff-Uschléi. Am Ufank gesäit et esou aus, wéi wann eng vun de liewenswichtegsten Institutioune vun der nationaler Economie soll getraff ginn: d’„Cancoillottes Ardennaises“. No an no sinn sech Regierung, Chamber, Justiz, Sûreté a Service de renseignement awer net méi sou sécher.Do gëtt et Iwwerfäll op Banken a Polverdepoten; do gëtt Léisegeld an Enveloppen an a Wallissen transportéiert, dat ni ukënnt; do platzt iwwerdeems de Poopst mat der Gëlle Fra an den Troublement; do zirkuléieren op eemol Nimm uechtert Stad a Land. De Kommissär Marius Gallo kniwwelt un engem éischte Rapport. Hie kritt der op d’Pouten, bréngt en zweete Rapport un de Mann … awer laanscht den hierarcheschen Déngschtwee. D’Land verschwënnt ënner engem Bommenteppech, an – wien hätt dat geduecht? – ënnert dem Teppech verschwannen d’Bommen. Nom posthume Krimi „Armagnac“ am Joer 2013 ass „Bommenteppech“ dat zweet Buch vum Josy Braun (1938-2012), dat bei Kremart Edition erauskënnt. D'Titelbild as vum Josée Klincker.
30.00 €
En stockTous les prix incluent la TVA.
En stock.
Ajouter au panier
| Auteur | Braun Josy |
|---|---|
| Editeur | Kremart Edition |
| Site internet | http://www.kremart.lu |
| Thème | Littérature |
| Sous-thème | Roman |
| Langue | Luxembourgeois |
| Parution | 2014 |
| Localité | Luxembourg |
| Support | Livre |
| Volume | 416 pages |
| ISBN | 978-99959-39-05-2 |
| ISBN 10 | 9995939053 |
| ISBN 13 | 9789995939052 |
| Livre | 29.13 € ( 30.00 €) |
| Edition | 2 |
| Droits d'auteur | Quantité | Destinataires | Tarif | Indexation? | Prix htva | Prix ttc | Panier | |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Numérisation intra/extra/internet | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||
| Photocopie n&b | 0.0838 € | {{ copyBWExVat}} € | {{ copyBWVat}} € | |||||
| Photocopie couleur | 0.1676 € | {{ copyColorExVat}} € | {{ copyColorVat}} € | |||||
| Prêt | 2 € | {{ loanExVat}} € | {{ loanVat}} € | |||||
| Traduction | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||