19.90 €
En stockDe Lewis Carroll (mam richtegen Numm Charles Lutwidge Dodgson) (1832-1898) war Unisprof fir Mathematik zu Oxford. Hie war zwar Jonggesell an hat selwer keng Kanner, huet awer immens gär Geschichte fir d'Kanner vu senge Kolleegen verzielt. Eng vun deene Geschichten – fir d'Alice Liddell – huet hien 1865 ënnert dem Numm «Alice in Wonderland» publizéiert an domat de moderne Genre vun der Kanner-Fantasy-Literatur erfonnt. Op engem waarme Summerdag gëtt d'Alice op der Bänk niewent senger eelerer Schwëster, déi e Buch liest, ganz schléifreg. Do kënnt e wäisst Kanéngche laanscht, wat seet, datt et ze spéid kéim an dobäi op seng Täschenauer kuckt. Sou eppes gesäit ee jo net all Dag an d'Alice gëtt virwëtzeg a geet dem Kanéngchen no, wou et ëmmer méi déiw duerch e Schacht eroftrëllt, bis et an engem Sall mat villen zouenen Dieren ass. Wat alles am Wonnerland passéiert, wou et awer eng ganz Parti wonnerbar a verwonnerlech Déieren a Persoune kenneléiert, muss ee scho selwer liesen. Den Henry Wickens huet et wonnerbar fäerdegbruecht, erëm ee vun den englesche Kannerbuchklassiker an d'Lëtzebuergescht ze iwwerdroen, wat bei deene ville logeschen an onlogesche Wuertspillereien natierlech eng richteg Erausfuerderung war. Fir d'Editions Op der Lay huet hie scho mat groussem Succès d'Kanner-Klassiker «Winnie The Pooh» (Winni-Pu, 2000) an «The House at Pooh Corner» (D'Haus um Pu-Eck) vum A. A. Milne an «The Hobbit» (Den Hobbit, 2002) vum J.R.R. Tolkien op Lëtzebuergesch iwwersat.
19.90 €
En stockTous les prix incluent la TVA.
En stock.
Ajouter au panier
| Auteurs | Carroll Lewis Wickens Henry Meyer Carole |
|---|---|
| Editeur | Op der Lay |
| Site internet | http://www.opderlay.lu |
| Thème | Littérature |
| Sous-thème | Contes |
| Langue | Luxembourgeois |
| Parution | 2015 |
| Localité | Ehlerange |
| Support | Livre |
| Format | 210 x 210 mm |
| Volume | 144 pages |
| ISBN | 978-2-87967-203-8 |
| ISBN 10 | 2879672031 |
| ISBN 13 | 9782879672038 |
| Livre | 19.32 € ( 19.90 €) |
| Edition | 1 |
| Droits d'auteur | Quantité | Destinataires | Tarif | Indexation? | Prix htva | Prix ttc | Panier | |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Numérisation intra/extra/internet | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||
| Photocopie n&b | 0.1982 € | {{ copyBWExVat}} € | {{ copyBWVat}} € | |||||
| Photocopie couleur | 0.3964 € | {{ copyColorExVat}} € | {{ copyColorVat}} € | |||||
| Prêt | 2 € | {{ loanExVat}} € | {{ loanVat}} € | |||||
| Traduction | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||