No “Alle véierzéin” (Nummer 6) an “Déi Säit dem Scheet” (Nummer 8) ass “D’Hobitz” (Nummer 9) ewell déi drëtt Publikatioun vum Alain Atten an der Serie Kremart Kanephora. Illustréiert gouf si op en Neits vum Luana Maggipinto. Erzielt gëtt d’Novell an der Sprooch vun der Mëttelsauer. Eng Kanoun ënnerwee, am Wanter 1593. E fréiere Kanonéier huet den Holläner se gegrapst, wéi se drop an dru sinn, Dikrech z’iwwerfalen. Hie fënnt, si kënnt gradesou gutt deenen Dikrecher bäisprangen, fir op d’Hollänner ze baatschen. Mat senger Freiesch a mat där Houser Klouschterkutsch kritt en d’Geschëtz iwwer allerhand Ëmweeër op d’Plaz. Just zur Zäit. – Déi Novell hei liest sech an der Sprooch vun der Mëttelsauer.1593 – hollännesch Fräibäiter iwwerfalen d’Land, dat zu senger spuenescher Herrschaft hält. Zënt Väit hu se net kritt, da geet et op Dikrech lass. De Buet vu Buerschent hëlt hinnen zu Housen hir Kanoun (d’Hobitz) ewech an e mécht sech mat der Freiesch an der Klouschterkutsch derduerch. Ënnerwee deet en d’Dierfer ronderëm d’Sauer op d’Buerschter Buerg plënneren, fir datt se de Raiber net an d’Gräpp falen. Déi Ierpeldenger kritt en derzou, datt se sech um Fridbësch verschanzen a sech wieren. Iwwerdeems mierkt en och, wie mat derhannertstécht. Dee Beeferter Schlasshär hat d’Kutsch erëmkritt, ma si ginn e lass. Op en Hoer wier et zu Ierpeldeng am Schlass e Strapp ze séier gaang, ma si packen et mat der Kutsch op Dikerech, nach virun den Hollänner. Hie feiert deen éischte Schotz aus der Kutsch op d’Schwadroun, just op der Fallbréck fir eran.

19.95 €

Tous les prix incluent la TVA.

En stock.

Détails
Auteur Atten Alain
Editeur Kremart Edition
Site internet http://www.kremart.lu
Thème Littérature
Sous-thème Nouvelle
Langue Luxembourgeois
Parution2021
LocalitéLuxembourg
Support Livre
FormatHardcover - 140 x 215 mm
Volume192 pages
ISBN 139789995939496
Livre19.37 € ( 19.95 €)
Edition1re édition
Droits
Droits d'auteur Quantité Destinataires Tarif Indexation? Prix htva Prix ttc Panier
Numérisation intra/extra/internet Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Photocopie n&b 0.084 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photocopie couleur 0.168 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Traduction Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Partager
Code-barres