De Sandmännche geet a seng wuelverdéngte Pensioun. Seng Duechter, d’Sandmeechen, iwwerhëlt de Betrib a street elo all Owend de Kanner op der ganzer Welt Sand an d’Aen. Esou kënne se gutt schlofen a schéin dreemen. Mee dem Sandmeedche seng Kusin, d’Nuecht, ass traureg a fillt sech eleng. Wa si owes kënnt, leien d’Kanner ëmmer scho laang am Bett. Wéi wier et, wann d’Nuecht einfach dem Sandmeedche seng Posch mam Sand géif verstoppen? Op der Sich no de Kanner hire verschwonnenen Dreem muss d’Sandmeedchen iwwer d’Wolleke reesen … D’Sandmeedchen ass dat éischt lëtzebuergescht AR-Kannerbuch. AR steet fir Augmented Reality, also fir erweidert Realitéit. Fir dʼBiller lieweg ze maachen, brauch de Lieser eng App. De Yorick Schmit huet 2011 e Master an der Germanistik an an der Amerikanistik op der Universität des Saarlandes gemaach. Vun 2010 bis 2011 huet hien d’Formatioun “Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” op der Uni Lëtzebuerg ofgeschloss. Zënter 2015 schafft hien an der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik. De Yorick Schmit huet bis elo eng Kuerzgeschichtesammlung (Der Geruch der Erde nach dem Regen, 2018) an eng Rei vun Erzielungen op Lëtzebuergesch an op Däitsch publizéiert (ë.a. Weeër a Spueren, 2021, Paenitentia, 2014, a Vogelflug, 2018). D’Sandmeedchen ass säin éischt Kannerbuch. Den Dirk Kesseler studéiert zënter 2016 Illustratioun zu Berlin a mécht aktuell (2021) e Master-Ofschloss op der Universität der Künste zu Berlin. Hie benotzt eng Mëschung aus analogen an digitalen Zeechentechnike fir seng Aarbechten. Säi Portfolio enthält Zäitschrëften, Coveren, Affichen, Drockgrafiken an animéiert Videoen. Hie schafft haaptsächlech mat Clienten aus Däitschland a Lëtzebuerg an hëlt reegelméisseg un Ausstellungen a béide Länner deel. D’Sandmeedchen ass säin éischt Buch.

24.90 €

Tous les prix incluent la TVA.

En stock.

Détails
Auteurs Schmit Yorick Kessler Dirk
Editeur Kremart Edition
Site internet http://www.kremart.lu
Thème Littérature
Sous-thème Jeunesse
Langue Luxembourgeois
Parution2021
LocalitéLuxembourg
Support Livre
FormatHardcover - 20 x 20 cm
Volume32 pages
ISBN 139789995966584
Livre24.17 € ( 24.90 €)
Edition1re édition
Droits
Droits d'auteur Quantité Destinataires Tarif Indexation? Prix htva Prix ttc Panier
Numérisation intra/extra/internet Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Photocopie n&b 0.198 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photocopie couleur 0.396 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Traduction Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Partager
Code-barres