20.00 €
En stockD'Sidoni mat den zwou laangen Trëtzen ass keen normaalt Meedchen. Hatt ass nämlech ganz laang an dënn, wéi e Seel. Wann s du schonn eemol e laangt Seel hannert dir nogezunn hues oder onméiglech Kniet an denge Schongstréckelen has, da kanns de dir virstellen, mat wat d'Sidoni sech all Dag rëmploe muss. Iwwerall an ëmmer bleift hat hänken. Andauernd ass hatt verknetzelt, an et verfänke sech déi intressantst Saachen a sou engem Seel... Seng Zéiwe gesinn aus wéi zéng kleng Knätzele Woll. Seng Bee si ganz laang a flexibel. Doduerch kann hatt déi onméiglechst Verrenkunge maachen. Sou kann hatt sech zum Beispill mam lénke Fouss hannert dem rietsen Ouer krazen a gläichzäiteg mat der décker Zéif vum rietse Fouss a sengem Bauchnuebel wullen. Dobäi ass säi Bauchnuebel ganz butzeg, well säi Bauch net méi déck ass wéi e Rimm. Als Kapp huet et eng wujeleg Plott mat klengem Mond, bloen Aen an zwou laangen Trëtzen als Hoer.
20.00 €
En stockTous les prix incluent la TVA.
En stock.
Ajouter au panier
| Auteurs | Steffen Andy Scholtes Linda |
|---|---|
| Editeur | Editions Saint-Paul |
| Site internet | http://www.editions.lu |
| Thème | Littérature |
| Sous-thème | Jeunesse |
| Langue | Luxembourgeois |
| Parution | 2016 |
| Localité | Luxembourg |
| Support | Livre |
| Format | 19 x 25,5 cm |
| Volume | 64 pages |
| ISBN 13 | 9782879639918 |
| Livre | 19.42 € ( 20.00 €) |
| Edition | 1re édition |
| Droits d'auteur | Quantité | Destinataires | Tarif | Indexation? | Prix htva | Prix ttc | Panier | |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Numérisation intra/extra/internet | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||
| Photocopie n&b | € | {{ copyBWExVat}} € | {{ copyBWVat}} € | |||||
| Photocopie couleur | € | {{ copyColorExVat}} € | {{ copyColorVat}} € | |||||
| Prêt | € | {{ loanExVat}} € | {{ loanVat}} € | |||||
| Traduction | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||