“De Bicherbus” vum Christiane Kremer, spillt am Joer 2013 zu Lëtzebuerg. En onrouegt an turbulent Joer fir d’Land, awer och fir d’Haaptprotaginistin am Roman. Kee versteet et, am mannsten d’Corinne selwer. D’Liewen un der Säit vum Joé, Jurist an Deputéierten, war ëmmer gutt an esou wéi geplangt. Kee Millimeter huet geännert un deem Plang, dee se sech zesummen opgestallt haten. En Team mat Zukunft. Mä wiem seng Zukunft? A wat ass mam Elo? De Bicherbus erzielt vun enger Fra, déi hire Liewenswee op eemol ännert, an dat an enger Zäit, an där och an der Politik zu Lëtzebuerg d’Verännerung an der Loft läit.„Lëtzebuerg 2013: D’Stëmmung am Land ass explosiv. D’Wirtschaftskris ass net ausgestanen, viru Geriicht gëtt de Bommeleeërprozess verhandelt an d’Regierung rutscht wéinst enger Srel-Affär an d’Kris. D’Corinne Rausch, Mëtt 40 a frësch getrennt vun hirem Mann, dem Jurist an Deputéierte Joé Welter, probéiert, hiert Liewen nei ze organiséieren. Nieft dem emotionalen Duercherneen, mat deem se Dag an Nuecht ze kämpfen huet, probéiert se och eng Aarbecht ze fannen, wat fir eng Fra, déi scho méi laang net méi berufflech aktiv war, net einfach ass. Op hirem Wee klëmmt se ongewollt an de Bicherbus an entdeckt eng Passioun erëm, déi se laang vergiess hat: d’Passioun fir gutt Geschichten. All Geschicht, déi se liest, bréngt se e Stéck weider, fort vun den Albdreem nuets, vun de Virwërf a vum schlechte Gewëssen. An e Stéck weider bei nei Chancen, nei Méiglechkeeten, nei Bekanntschaften, bis d’politesch Situatioun am Land eskaléiert an domadder och déi nei gewonne Fräiheet a Liichtegkeet am Liewe vum Corinne Rausch op d’Kopp gehäit gëtt.“

19.95 €

Tous les prix incluent la TVA.

En stock.

Détails
Auteur Christiane Kremer
Editeur Kremart Edition
Site internet http://www.kremart.lu
Thème Littérature
Sous-thème Nouvelle
Langue Luxembourgeois
Parution2021
LocalitéLuxembourg
Support Livre
FormatHardcover - 145 x 215 mm
Volume320 pages
ISBN 139789995939502
Livre19.37 € ( 19.95 €)
Edition1re édition
Droits
Droits d'auteur Quantité Destinataires Tarif Indexation? Prix htva Prix ttc Panier
Numérisation intra/extra/internet Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Photocopie n&b 0.084 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photocopie couleur 0.168 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Traduction Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Partager
Code-barres