18.00 €
En stockDës nei Kannergeschicht vum Jhemp Hoscheit mat faarwegen Illustratioune vum Carlo Schneider ass eng richteg Abenteuergeschicht mat iwwerraschende Momenter, engem spannenden Opbau, witzegen Dialoger a Sproochspiller. Zwee Bëschhuese fannen no engem Stuerm en décke Steen, deen an enger Kaul läit an awer molsou guer net an d’Minettgéigend passt. De Lappi an d’Malla trauen hiren Aen net. D’Déieren am Bësch sinn all virwëtzeg a buddelen de Steen aus dem Buedem aus. Mee do geschitt eppes, wat net stengeméiglech ass: E fänkt un ze schwibbelen, ze schwubbelen an ze schwabbelen. An ee Gesiicht kritt en och nach. Et ass wéi wann e schmunzele kéint. Dofir nennen d’Déieren hien: De Schmunzel. Esou eng Entdeckung suergt natierlech fir eng grouss Opreegung. Wëssenschaftler sinn um ko(s)mesche Steen intresséiert a wëllen e mathuelen, fir en z’ënnersichen … Mee léisst de Schmunzel sech dat gefalen? E weist op eemol, datt e méi kann, wéi nëmme schmunzelen. D’Déieren entdecken ee fir si onbekannt a friemt Wiesen – e Meteorit am Bësch – a wëllen dat kenneléieren an erfuerschen. Doduerch entsti besonnesch ko(s)mesch Interaktiounen tëscht demMeteorit an den Déieren. A wann dann och nach d’Mënschen – de Fierschter, de Bëschaarbechter, den Astrophysiker a seng Assistenten – sech amëschen an um Meteorit interesséiert sinn, da kann ee sech nëmme froen, wat een alles an dëser Geschicht erliewe wäert … Duerch déi aktuell Referenzen zum Weltall, dem Space mining, den Emojis an der Astrophysik kritt d’Geschicht eng zousätzlech Dimensioun. An de Schmunzel kritt duerch seng Smileyen – vum Fäerti, Häppi, Granzi, Blödi, bis zum Motzi – e besonnesche Charakter an eng eege Séil … a wäert Grouss a Kleng schmunzelen doen.
18.00 €
En stockTous les prix incluent la TVA.
En stock.
Ajouter au panier
| Auteurs | Hoscheit Jhemp Schneider Carlo |
|---|---|
| Editeur | Editions Guy Binsfeld |
| Site internet | http://www.editionsguybinsfeld.lu |
| Thème | Littérature |
| Sous-thème | Jeunesse |
| Langue | Luxembourgeois |
| Parution | 2018 |
| Localité | Luxembourg |
| Support | Livre |
| Format | 185 x 250 mm |
| Volume | 56 pages |
| ISBN 13 | 9789995942380 |
| Livre | 17.48 € ( 18.00 €) |
| Edition | 1re édition |
| Droits d'auteur | Quantité | Destinataires | Tarif | Indexation? | Prix htva | Prix ttc | Panier | |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Numérisation intra/extra/internet | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||
| Photocopie n&b | 0.198 € | {{ copyBWExVat}} € | {{ copyBWVat}} € | |||||
| Photocopie couleur | 0.396 € | {{ copyColorExVat}} € | {{ copyColorVat}} € | |||||
| Prêt | 2 € | {{ loanExVat}} € | {{ loanVat}} € | |||||
| Traduction | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||