E klenge Männche géint grouss Viruerteeler: „De Schudder-Schusch“ heescht dat neit Kannerbuch, mat deem Kremart Edition an d’Joer 2016 start. D’Déieren op der Dëlpes-Pick vun de Knubberdulles-Bierger sinn entsat: De Schusch wëll bei si eropplënneren! Si hunn de Schusch zwar nach ni selwer gesinn, mä si wësse genee, wéi en ausgesäit: En ass grouss, buuschteg a muffeg – en ass einfach, fir sech ze schudderen! Esou ee wëllen d’Déieren net bei sech wunnen hunn! Ma dofir ass et elo ze spéit, d’Plënnerkëschte stinn nämlech scho virun der Dier. Natierlech wëll keen op dem Schudder-Schusch seng Aweiungsparty goen. Keen? Net ganz, een Déier kann der Invitatioun net widderstoen: De Party-Hues traut sech bei de Schusch. Gëtt aus him elo Huesenziwwi oder léiert hien deen Neien elo mol richteg kennen? „De Schudder-Schusch“ ass eng lëschteg Geschicht iwwer Viruerteeler, déi weist, datt ee sech heiansdo selwer an de Féiss steet.No dem Buch „De Kueb Kuiitsch traut sech“, dat 2015 laang ganz uewen op der Bestsellerlëscht stoung, ass „De Schudder-Schusch“ déi zweet Koproduktioun, déi Kremart zesumme mat Ravensburger erausbréngt.
Ce produit n'est actuellement pas disponible sur LORD.LU. Pour plus d'informations, veuillez téléphoner au (+352) 26 68 35 76 ou envoyer un
email.