De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck retracéiert d’Geschicht vun der bekanntester BD zu Lëtzebuerg. Wéi ass et zu der Zesummenaarbecht tëschent dem Zeenarist Lucien Czuga an dem Zeechner Roger Leiner komm? Wéi vill Lëtzebuerg stécht a Luxusbuerg? A wéi bréngt de Superjhemp et fäerdeg, mat Kachkéis d’Dynastie ze retten a Luxusbuerg zu engem vun de sécherste Länner vun der Welt ze maachen? Besicht Luxusbuerg mat sengem pittoreske Patrimoine, sengen ominéise Banken a senge potzpuddelplakege Fraen. Poznennö! / Fir déi alleréischte Kéier huet eng Allianz aus Comiczeechner, Frënn a Wëssenschaftler eng Expeditioun an de Superjhemp-Univers gewot an onverëffentlecht Dokumenter, nei Zeechnungen an onerwaarten Erkenntnisser mat zeréckbruecht. Eng Erliefnisrees duerch dräi Joerzéngte fir déi agefleeschte Fans vun der éischter Stonn a fir déi, déi just de Retörn vum Superjhemp kennen. / Mir wëlle fir déi éischte Kéier en Abléck an de Fong L-400 ginn, deen d’Famill vum Roger Leiner no sengem Doud dem Literaturarchiv uvertraut huet. Well an den 265 Archivkëschten Dausende vun Zeechnungen, Illustratiounen, Dokumenter, administrativen Ënnerlagen, Bréiwer, Fotoen oder perséinleche Géigestänn leien, wäert de Conservateur Claude Kremer wuel bis zu senger Pensioun dorunner schaffen. Aus dem risege Fong weise mir just e ganz klengen Ausschnëtt, virun allem déi original Planchë vun de Superjhemp-Alben, déi et engem undinn, wann een d’Chance huet, hir liichtend Faarwen ze bewonneren. Mir weisen och Zeenarien, Skizzen a Skripter vum Lucien Czuga, deen am Laf vun der Ausstellungsvirbereedung seng kënschtleresch Wierker dem Literaturarchiv ze versuerge gouf. / Mir wëllen Iech net nëmmen alueden, an ons Archive luussen ze kommen, mee Iech och un d’Geschicht vun der Bande dessinée zu Lëtzebuerg eruféieren. Wéi koum et dozou, datt d’bd an d’Lëtzebuerger Sprooch an den 1980er Joren zesummefonnt hunn a firwat ass 1988 e Meilesteen an der Comicentwécklung? Obschonns wuel an all Stot e Superjhemp ze fannen ass, ass et méi wéi iwwerraschend ze constatéieren, datt bis haut net vill iwwert de Luxusbuerger Bierger geschriwwe gouf. Et kënnt engem vir, wéi wann d’Popularitéit am grousse Public konträr zu der kritescher Rezeptioun géif stoen: Wou bis Ufanks den 1990er Joren an der Press nach fundéiert Ausernanersetzungen a Bespriechungen ze liese woren, sinn d’Albe spéider nach just ugekënnegt ginn. Et ass also un der Zäit, e méi geneeë Bléck op en Deel vun der Zesummenaarbecht tëschent dem Zeenarist Lucien Czuga an dem Zeechner Roger Leiner ze geheien an esou, fir déi éischte Kéier, Iwwerleeungen iwwert de Superjhemp zesummenzedroen an eng Partie Facettë vun deem Wierk virzestellen an ze analyséieren. Mir wëllen eenzel Aspekter verdéiwen, déi fir d’Verständnis vum Superjhemp zentral sinn, a mir sinn ons bewosst, datt et nach aner Froen un d’Wierk vum Lucien Czuga a Roger Leiner gëtt. Dofir wënsche mir ons, datt dëst Buch aner Chercheuren zu enger weiderer Beschäftegung incitéiert.

25.00 €

Tous les prix incluent la TVA.

En stock.

Détails
Auteurs Conter Claude D. Kremer Claude Stephano Anouk
Editeurs Centre national de littérature - Cnl De Verlaach
Sites internet http://www.cnl.public.lu/ http://deverlaach.lu
Thème Littérature
Sous-thème Bande dessinée
Langue Luxembourgeois
Parution2019
LocalitéMersch
Support Livre
FormatHardcover - Din A4
Volume208 pages
ISBN 139782919903740
Livre24.27 € ( 25.00 €)
Edition1re édition
Droits
Droits d'auteur Quantité Destinataires Tarif Indexation? Prix htva Prix ttc Panier
Numérisation intra/extra/internet Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Photocopie n&b 0.084 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photocopie couleur 0.168 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Traduction Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Partager
Code-barres