"Den Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, ass an der Stad gebuer an zu Veianen gestuerwen.
Bekannt ass hien als Begrënner vum Lëtzebuerger Theater. Seng bekanntste Stécker sinn d‘ Mumm Séis (1856), De Scholdschäin (1856), Op der Juegd (1870), an D’Kiermesgäscht (1856), aus deene vill Lidder haut nach gesonge ginn. Hien huet och Lëtzebuerger Soen, Riedensaarten a Spréchwierder gesammelt, an no sengem Doud sinn all seng Gedichter publizéiert ginn, dorënner och d‘ Déierefabel De Wëllefchen an de Fiisschen, déi hien schon a jonke Jore geschriwwen hat." (Quell: Lëtzebuerger Liesbuch "Lies a Fléi")
Ce produit n'est actuellement pas disponible sur LORD.LU. Pour plus d'informations, veuillez téléphoner au (+352) 26 68 35 76 ou envoyer un
email.