Dem Guy Rewenig seng neiste Publikatioun mam wuel onméiglechsten Titel, deen ee Buch jee gesinn huet, verbéit d’Realitéit no allen Normen a léisst keen A dréchen a keng Séil onberéiert. Et si Geschichten, déi aus dem Liewe gräifen an ad absurdum gedriwwe ginn, mee sinn se wierklech esou absurd, oder stécht net awer ee Kär Wourecht dran? Onméiglech si meeschtens d’Liewensëmstänn, mat deenen d’Personnagen an d’Figure sech erëmklappe mussen. Dat féiert dacks zu klengkaréiertem Gestruewels a Gestreits, heiansdo awer och poulriicht zu ganz komplizéierten oder absurden Entwécklungen. Ganz nom programmatesche Saz vum Janosch: „Mat enger schéiner Lige lieft et sech besser wéi mat enger schlechter Wouerecht.“ Hei nëmmen e puer Elementer aus dem Guy Rewenig sengen néng onméigleche Geschichten: E Museksdozent, dee vun engem Dag op deen anere seng Identitéit verléiert; eng Rebellioun am Shoppingzenter; eng Koppel op enger geféierlecher Expeditioun an d’Éislek; en Autosfestival an däischteren Zäiten; eng problematesch Vakanz um Vierwaldstätterséi; eng grouss Léift ouni Perspektiv; en Abléck an e Lëtzebuerger Vollekssport; en Debakel an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg; en Herkull, dee sech am Schoulministère onbeléift mécht. An nach vill méi Onméigleches gëtt et an dësen onméigleche Geschichten.

20.00 €

Tous les prix incluent la TVA.

En stock.

Détails
Auteur Rewenig Guy
Editeur Editions Guy Binsfeld
Site internet http://www.editionsguybinsfeld.lu
Thème Littérature
Sous-thème Nouvelle
Langue Luxembourgeois
Parution2021
LocalitéLuxembourg
Support Livre
FormatHardcover - 110 x 170 mm
Volume304 pages
ISBN 139789995942809
Livre19.42 € ( 20.00 €)
Edition1re édition
Droits
Droits d'auteur Quantité Destinataires Tarif Indexation? Prix htva Prix ttc Panier
Numérisation intra/extra/internet Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Photocopie n&b 0.084 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photocopie couleur 0.168 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Traduction Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Partager
Code-barres