28.00 €
En stockAn engem Kino brécht d’Anarchie aus; kuerz viru Chrëschtdag fänkt am Supermarché de Biergerkrich un; zwee Clowne plangen no hirer Karriär eppes ganz Radikales; en Autokrat sicht sech en neie Geck a kritt et mat geféierleche Kandidaten ze dinn; nom Doud vun hirem Papp wëllen d’Kanner sou séier wéi méiglech d’Ierfschaft untrieden a geroden an hefteg Turbulenzen; eng Léierin probéiert, engem Schüler e ganz einfache Saz bäizebréngen a muss sech froen, ob deen Exercice wierklech esou einfach ass; e klengen, rabiaten Dropgänger wëllt bei engem speed date grouss optrompen; bei engem Audit verléiert en Assurancen-Employé den Iwwerbléck an de Verstand; den Direkter vun enger Residenz fir eeler Leit gëtt bal geckeg, well hien ee vun den Awunner beim beschte Wëllen net duerchkuckt kritt; e Korrekter wëllt engem Auteur säin Text iwwerschaffen a bäisst op Granit; eng Vitessekontroll gëtt op eemol eng Fro vu Liewen an Doud; zwee Juriste loosse sech aus humanitäre Grënn fräiwëlleg an de Prisong aspären; an engem Seniorenheem wiert sech eng Fra géint d’Invasioun vum Stëbs; eng Fra, déi an engem Müsee schafft, dreemt zanter Jore vun engem groussen Noutfall; eng Pensionnairskoppel hält sech all Dag mam Liesen a Kommentéiere vun Doudesannoncen iwwer Waasser. / Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns ass eng Sammlung vu fofzéng Geschichten an Erzielungen: Et geet ëm d’Rëss an d’Bréch an der Gesellschaft, ëm fauschtdéck Ligen a schwaach Wourechten, an ëmmer nees ëm kleng a grouss Katastrophen, déi d’Leit aus der Bunn geheien. Dat alles erzielt de Guy Rewenig mat fäiner Ironie, awer och mat schwaarzem Humor a surrealem Witz.
28.00 €
En stockTous les prix incluent la TVA.
En stock.
Ajouter au panier
| Auteur | Rewenig Guy |
|---|---|
| Editeur | Editions Guy Binsfeld |
| Site internet | http://www.editionsguybinsfeld.lu |
| Langue | Luxembourgeois |
| Parution | 2017 |
| Localité | Luxembourg |
| Support | Livre |
| Format | 145 x 225 mm |
| Volume | 512 pages |
| ISBN 13 | 9789995942304 |
| Livre | 27.18 € ( 28.00 €) |
| Edition | 1ère édition |
| Droits d'auteur | Quantité | Destinataires | Tarif | Indexation? | Prix htva | Prix ttc | Panier | |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Numérisation intra/extra/internet | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||
| Photocopie n&b | 0.084 € | {{ copyBWExVat}} € | {{ copyBWVat}} € | |||||
| Photocopie couleur | 0.168 € | {{ copyColorExVat}} € | {{ copyColorVat}} € | |||||
| Prêt | 2 € | {{ loanExVat}} € | {{ loanVat}} € | |||||
| Traduction | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||