Mon amour schwein ass eng Sammlung vu siechzeng Kuerzgeschichten an Erzielungen, déi an de Joeren 2004 bis 2007 geschriwwe goufen. Déi meescht Texter ginn de Fraen d’Wuert. Zu Diddeleng, zu Kolmerbierg, zu Arles oder soss entzwousch. Si schwätze vu Blessuren a vu Courage, Ënnerdréckung an onerwaarter Solidaritéit, vun Erotik, vun Onofhängegkeet, vu klenge Fräiheeten a groussen Dreem. An anere Geschichte sti Kanner, Hibiskusmuseker oder Kranemaschinisten am Mëttelpunkt. Alleguer verziele s’och vun der Léift, deem ale Kontinent, wou ee sech esouguer mat Kaart a Kompass nach ëmmer verléiere kann.
Ce produit n'est actuellement pas disponible sur LORD.LU. Pour plus d'informations, veuillez téléphoner au (+352) 26 68 35 76 ou envoyer un
email.