Kuerz nodeems d’Marie Delken beim Här Grimmler op Besuch war, gëtt hatt entfouert. D’Kidnapper froe Léisegeld vum Marie sengem Papp, dem Chef d’Agence vun der Luxbank. Den Här Delken wëllt d’Polizei net aweien, fir d’Liewe vum Marie net op d’Spill ze setzen. Den Här Grimmler ass e grousse Planzefrënd an en Hobby-Botaniker. Eng vu sengen Zëmmerplanzen, d’Mondelia, ass Zeie vun der Entféirung ginn. Si entwéckelt am Laf vun der Zäit aussergewéinlech Fähegkeeten. Et schéngt, wéi wann d’Mondelia op eng ganz besonnesch Manéier bei der Sichaktion hëllefen an sech lues a lues als intelligent Detektivin erausstelle kéint. Déi kriminalistesch Enquête kritt Dimensiounen, wéi een sech s’an engem gewéinleche Krimi bis zum Schluss net erwaart hätt.
Ce produit n'est actuellement pas disponible sur LORD.LU. Pour plus d'informations, veuillez téléphoner au (+352) 26 68 35 76 ou envoyer un
email.