29.90 €
En stockEt ass sécher en Zoufall, datt de Verlag Op der Lay bannent kuerzer Zäit zwou Autobiographie kann erausginn, an zwar 2016 „E Liewensulaf” vum Jean-Paul Hurt an elo dëst Joer „Den Zoufall huet matgespillt” vum René Hübsch, woumat scho praktesch dee Buchtitel confirméiert gëtt. Béid Auteuren hunn hir Geschicht opgeschriwwen, well hir Kanner méi iwwert déi Joere wësse wollten, hunn als Professer enseignéiert a sinn och am selwechte Joer gebuer. Mä soss ass hiert Liewe ganz ënnerschiddlech verlaf. Well mir an dëse Bicher awer och déi Joerzéngte matkréien, wéi aus Lëtzebuerg dat Land ginn ass, wou mir haut dra liewen, menge mir bei Op der Lay, dass déi Bicher ganz gewëss bei ganz ville Leit e sëllechen Erënnerungen opliewe loossen an dobäi och e geschichtlechen Abléck an déi Joere ginn. Sou huet de René Hübsch säi wierklech interessant Liewe kuerz zesummegefaasst: Kannerzäit am Krich, Primärschoul zu Ettelbréck, 7 Joer am Kolléisch zu Dikrech, Studien an der Stad an op der Sorbonne zu Paräis, Militärdéngscht um Härebierg, Stage an e puer Joerzéngten als Proff an Directeur adjoint am LCD, Veräinsliewen zu Ettelbréck, Bauen a Wunnen zu Angelduerf, Gemengepolitik zu Ierpeldeng, 10 Joer Asaz an der Chamber an am NATO-Parlement, am Educatiounsministère d’Reform vun der Erwuessenebildung a schliisslech eng ganz aktiv Pensioun. Dozou ass d’Buch mat ville Fotoen aus dem Auteur sengem Privatarchiv illustréiert. Wann ee sou vill erlieft huet an dat och nach op sou eng flott Manéier erziele ka wéi de René Hübsch, da wäert dat Buch sécher ganz vill Lieser iwwerzeegen.
29.90 €
En stockTous les prix incluent la TVA.
En stock.
Ajouter au panier
| Auteur | Hübsch René |
|---|---|
| Editeur | Op der Lay |
| Site internet | http://www.opderlay.lu |
| Langue | Luxembourgeois |
| Parution | 2017 |
| Localité | Esch-sur-Sûre |
| Support | Livre |
| Format | 17,5 x 24,5 cm |
| Volume | 312 pages |
| ISBN 13 | 9782879672229 |
| Livre | 29.03 € ( 29.90 €) |
| Edition | 1re édition |
| Droits d'auteur | Quantité | Destinataires | Tarif | Indexation? | Prix htva | Prix ttc | Panier | |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Numérisation intra/extra/internet | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||
| Photocopie n&b | 0.084 € | {{ copyBWExVat}} € | {{ copyBWVat}} € | |||||
| Photocopie couleur | 0.168 € | {{ copyColorExVat}} € | {{ copyColorVat}} € | |||||
| Prêt | 2 € | {{ loanExVat}} € | {{ loanVat}} € | |||||
| Traduction | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||